Knapp sinn d’Walplakater vun de Gemengewale fort – gouf e Samschdeg de Moien ugefaangen déi nächst fir den 8. Oktober opzehänken. Wou dierfe se stoen – a virun allem wéi eng stinn am meeschten eraus? Den Tim Morizet war den Tour maachen.
2 Deeg virum offiziellen Optakt vun der Walcampagne fir d’Chamberwalen den 8. Oktober dierfen d’Parteien hir Walplakater ophänken, sou ass dat am Walofkommes virgesinn, dat am Januar vun 9 Parteien ënnerschriwwe gouf.
Nieft de 7 Parteien, déi zu deem Zäitpunkt an der Chamber waren, droen och Fokus a Volt den Accord mat. D’Gréisst an d’Zuel vun den Affichen ass dora festgeluecht an d’Parteien engagéiere sech och, net méi wéi 100.000€ fir Reklamm an de Medien auszeginn.
Och d’Ponts et Chaussées ginn e Grappvoll Reegele mat op de Wee. Wéi de Gilles Didier vu Ponts et Chaussées erkläert, géingen d’Reegele vum gesonde Mënscheverstand gëllen.
“Et geet eis ëm d’Stroossesécherheet. Net just fir d’Autoen, mee och fir d’Foussgänger. Et geet engersäits drëm déi bestehend Stroossebeschëlderung net ze verdecken. Dann ass et wichteg genuch Plaz ze loosse nieft der Strooss. Ëmmer en hallwe Meter nieft der Bordür. Dann och genuch fir de Foussgänger sëlwer.”
Op d’mannst e Meter Trottoire muss fräi bleiwen. An och direkt nieft en Zebrasträifen gehéiere keng Schëlder. Dës kéinte soss de Chauffer hannert dem Steier oflenken. Ëmmer nees kennt et fir, datt Ponts et Chaussées muss intervenéieren.
“Déi ginn dann op den Depot bruecht. Do kéinte mir da Fraisen a Rechnung stellen.”
D’Walcampagne geet e Méindeg offiziell un an dauert 5 Wochen. Bis den 18. Oktober mussen d’Parteien hir Plakater da spéitstens nees fort huelen.
Zesumme mat enger Lëtzebuerger Kommunikatiounsfirma hu mir eis d’Walplakater ugekuckt, woubäi grouss qualitativ Ënnerscheeder opfalen. Virun allem déi Gréng kréien eng gutt Nott - och well Éischtwieler sech méi ugesprach kéinte fillen, wéi d’Dr. Verena Landgraf-Freudenreich vun der Kommunikatiounsagence Ierace Dechmann + Partners (IDP) erkläert.
“Si hunn eng Bildsprooch entwéckelt, déi d’Lëtzebuerger Liewenswelte mat Aquarelle kombinéiert. Dat ganz gëtt konsequent duerchgezunn. Och vum Message hir: dës si ganz kuerz, ganz pregnant, esou datt de Betruechter keng Problemer huet de Message ze dechiffréieren.”
Bei der LSAP gëtt et e Minus-Punkt fir d’Fotoqualitéit vun de Kandidaten. Dës kéinte bei méi onbekannte Gesiichter Sympathie Punkte kaschten.
An engem multilinguale Land ewéi Lëtzebuerg wier d’Sprooch och wichteg. D’Plakater sinn all op Lëtzebuergesch – wat méi Text, wat ee riskéiert méi Leit ze verléieren. Ze vill Text ass generell schwiereg. Hei fält trotz flotter Ästhetik virun allem d’DP op.
“Ze vill Text ass, wann ee mam Vëlo oder mam Auto laanschtfiert an et huet een de Message net verstanen. Wann ee sech als politesch Partei op 3 Niveaue muss erklären: Et huet een e Motto, eng Iwwerschrëft an nach eng Erklärung fir d’Campagne– dann ass een net méi wäit dovun ewech säi Walprogramm op e Plakat ze drécken.”
D’Walplakater - eng schéin Traditioun – d’Walen dëst Joer awer dierfte sech wuel éischter iwwert den digitalen Marketing an d’Sozial Medien entscheeden. Där Meenung ass een och zu Leideleng.
D‘Majoritéit vun de Campagnë goufen iwwregens am Ausland produzéiert.