PoliceZeie gesicht no Accident den 9. September op der N15

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch géint 8.35 Auer koum et op der N15, tëscht Heischent an Nidderfeelen, zu engem Accident. D'Police mécht an deem Kader en Zeienopruff.

Eng Automobilistin mat engem groe Golf war vun Heischent an Direktioun Nidderfeelen ënnerwee. Hannert hir ass deen Ament eng blo Camionnette vun der Mark VW Crafter gefuer. Op der Héicht vum Reitstall koum ee roude Camion entgéint, dee vun engem klengen däischteren Auto iwwerholl gouf.

Fir eng Frontalkollisioun z'evitéieren, huet d'Automobilistin misse staark bremsen. D'Camionnette ass der Fra doropshin hannendrop gefuer, déi liicht blesséiert gouf.

D'Police sicht no Zeien, speziell nom Chauffer vun deem roude Camion an nom Chauffer vum klengen, däischteren Auto. Zoustänneg ass d‘Policekommissariat Turelbaach.

All Informatioun ass fir den (+352) 244851000 oder per Email u Police.TURELBAACH@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO