Wien huet eppes gesinn?Zeienopruff no Accident mat Farerflucht zu Beetebuerg

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war zu Beetebuerg eng Persoun ugestouss ginn. De schëllege Chauffer hat sech duerno awer duerch d'Bascht gemaach.
© RTL Grafik

En Donneschdeg den 23. Abrëll war géint 14:35 Auer an der Rue Marie Thérèse zu Beetebuerg eng Foussgängerin vun engem Auto erfaasst ginn. De schëllege Chauffer war awer net stoe bliwwen a weidergefuer, ouni sech ëm d'Fra ze këmmeren.

Beim concernéierte Gefier handelt et sech ëm e schwaarzen Audi (warscheinlech en A4) mat lëtzebuergesche Placken.

D'Automobilistin oder den Automobilist, grad esou wéi Zeien, déi Informatiounen iwwert den Accident kënne ginn, solle sech um Policebüro Réiserbann mellen ënnert dem Telefonsnummer (+352) 244 61 1000 oder per E-Mail op police.reiserbann@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO