
Ee schwaarze BMW Cabrio, en eelere Modell wéi d'Police präziséiert, huet um Parking vis-à-vis vun der Lafpist ee geparkte bloen Audi A3 beschiedegt. Den Opprall war därmoossen hefteg, datt den Audi 2 bis 3 Meter säitlech aus der Parkplaz geschleidert gouf.
Ee Jugendlechen, deen op der anerer Stroossesäit um Busarrêt stoung, gouf Zeie vum Virfall. Dee Jong, ma och eventuell aner Zeien, déi den Accident beobacht hunn oder de schwaarze BMW gesinn hunn, deen a Richtung Dikrech-Zentrum geflücht ass, solle sech bei der Police vun Dikrech um 244 80 1000 mellen.