
Eng Automobilistin, déi aus Richtung Koplescht koum, huet e schwaarze Won gesträift. Béid Gefierer krute sech mat de Spigelen ze paken. Deen anere Fuerer ass net stoebliwwen an ass einfach weidergefuer.
An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. All d’Informatioune si fir d’Police vu Capellen ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail an Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.
Da mellt d’Police nach, datt an der leschter Nuecht zwee Automobiliste kontrolléiert goufen, well si duerch hire Fuerstil negativ opgefall sinn. A béide Fäll, an der Stad an zu Jonglënster, war den Alkoholtest positiv an d’Permisen hu missten agezu ginn.