
De Chauffer vum Camion hat beim Spuerwiessel wuel de wäisse Citroën DS3 iwwersinn an hat deen ze pake kritt. Den Auto gouf sou schwéier beschiedegt, dass dësen net weiderfuere konnt. De Camionschauffer hat d'Vitess gedrosselt an déi 4 Winkeren ugemaach... ass dunn awer net stoe bliwwen a weidergefuer op der A3 a Richtung Frankräich.
Eventuell Zeie vun deem Accident, solle sech w.e.g. bei der Police mellen, via Telefon um +352 244 175200 oder via E-Mail op upr.sia@police.etat.lu.