
Dëst war geschitt, nodeems hie géint 3.45 Auer zu Clierf aus engem Bus geklomme war. Déi dräi presuméiert Täter souzen am nämmlechte Bus an hunn d’Affer an der Suite attackéiert, him den Handy a säi Portmonni geklaut a sech dono a Richtung Clierf-Zentrum duerch d’Bascht gemaach.
An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. All d’Informatioune si fir d’Police vun Ëlwen ënnert der Nummer (+352) 244 87 1000 oder per E-Mail an police.troisvierges@police.etat.lu.