Sonndesinterview mam David HoffmannCOP31: "D'Essenz ass d'Verhandelen!"

Bakir Demic
Vum 9. bis den 20. November ass zu Antalya an der Tierkei d'UN-Welklimakonferenz, d'COP31. D'Lëtzebuerger Regierung ass jo duerch den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden, vun den ONGen aus dem Grand-Duché ass et den David Hoffmann vun Action Solidarité Tiers Monde (ASTM), deen deelhëlt. Am Interview zielt hien iwwert seng Erwaardungen un de Sommet.
Vum 9. bis den 20. November soll d'COP31 am tierkeschen Antalya goen.
Vum 9. bis den 20. November soll d'COP31 am tierkeschen Antalya goen.
© OSMANCAN GURDOGAN/Anadolu via AFP

Den David Hoffmann schafft fir Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) als Coordinateur vum Plaidoyer politique. ASTM schafft momentan mat 25 Partnerorganisatiounen aus dem globale Süden zesummen, déi op 11 Länner verdeelt sinn. D'Aufgab vun der Lëtzebuerger ONG ass et, d'Aarbecht a Suerge vun dësen Organisatiounen un de Public am Grand-Duché erun ze droen, ënner anerem duerch Opklärungsaarbecht a Form vu Workshoppen. Den David Hoffmann ass am Secteur vun der politescher Aarbecht bei ASTM aktiv, wou hien d'Doleancë vun deenen Organisatiounen un d'Lëtzebuerger Politik erun dréit.

Deen Job mécht hien elo zanter dräi Joer: "Ech hu mech scho wärend menge Studie fir d'international Entwécklungszesummenaarbecht interesséiert an dann natierlech och fir d'Politik - d'international Politik, d'Geopolitik, d'Relatiounen tëschent de Länner. Firwat ginn et méi aarm Länner, firwat ginn et méi räich Länner, wat ass do d'Geschicht hannendrun? Wat sinn do d'Ongerechtegkeeten hannendrun a wéi kann een déi villäicht léisen? Dat huet mech ëmmer scho faszinéiert."

Zanter en Donneschdeg ass den David Hoffmann am tierkeschen Antalya fir un der UN-Weltklimakonferenz, der COP31 deelzehuelen. De Sommet wier als Negociatiounsplattform immens wichteg, well et där Foren net méi vill géif ginn. "Dat ass extreem wichteg fir d'Länner aus dem globale Süden, fir kënnen hei mat enger Stëmm un deene Verhandlungen deelzehuelen an da Stéck fir Stéck probéieren, eng méi gerecht Zukunft am Beräich Klima opzebauen."

Als eenzege Lëtzebuerger Vertrieder vun der politesch aktiver Zivilgesellschaft ergi sech fir den David eng Rei Missioune bei dësem Sommet. Zum Engen observéiert hien, wéi eng Positioune Lëtzebuerg, respektiv d'EU, op der COP vertrieden a wat fir Annoncë gemaach ginn. "A wa mer vun der EU schwätzen, da kënnt och do meng aner Missioun, nämlech mech mat der EU-zivilgesellschaftlecher Representatioun ze koordinéieren. Dat ass extreem räich an dat ass och ee vun den Haaptgrënn, deen Echange, de Fait, datt mer alleguer mat Representanten, mat Leit, déi politesch Aarbecht maachen an hire respektive Länner, eben dann hei eis treffen an all Dag déi politesch Kompromësser an Negociatiounsresultater zesummen analyséieren".

Alles dat verschafft den David Hoffmann schliisslech och fir de Lëtzebuerger Public a Form vu Pressecommuniquéen, Analysen oder klenge Videoe mat Interviewen an de soziale Reseauen. Sou zum Beispill um Instagram-Account vun ASTM. "(...) fir dat da kënnen zu Lëtzebuerg ze kommunizéieren an och dann natierlech dat an d'Press ze bréngen, fir ze weisen, datt et Kriticke gëtt u verschiddenen Decisiounen, datt et kritesch Analyse gëtt iwwer, wéi verschidde Saachen hei oflafen oder Resultater, déi hei zustane kommen."

D'Verhandele wier d'Essenz vun der COP, esou den David Hoffmann vun ASTM. Dat stellt sech um Sommet – mat Hibléck op gewësse Länner – net ëmmer als einfach eraus. Suergekand sinn zanter Joren notamment Länner aus dem arabesche Raum, déi massiv vun der Fërderung vu Pëtrol an anere fossille Brennstoffer profitéieren an deementspriechend méiglech Accorde blockéieren. Ma och de globalen Norde mat der EU stellt an engem essenzielle Sträitpunkt eng Hürd duer: Den Dedommagement fir Länner aus dem globale Süden respektiv d'Bereetstelle vu Moyene fir dës, fir sech an Zukunft besser op Klimakatastrophe virzebereeden. "Déi meescht Länner aus dem globale Süde sinn net responsabel, oder ganz wéineg responsabel fir d'Klimakris, lo wéi mir se haut schonn erliewen. A se hu vill manner Moyenen, well se net profitéiert hu vun enger Industrialiséierung, well se sech net konnten entwéckelen an deene leschte Joerzéngten".

Schonn zanter méi Laangem ass et ënnert Experten de Konsens, datt Mënschen aus méi entwécklungsschwaache Länner am meeschten ënnert de Konsequenze vum Klimawandel leiden. Den David verweist op rezent Beispiller wéi de massiven Äerdrutsch am Nepal an Tibet mat iwwer 1.400 Doudegen oder den Iwwerschwemmungen am Bangladesch mat iwwer zwou Millioune Betraffenen. Et wieren dobäi déi "räich" an "industrialiséiert Länner" aus dem globalen Norden, déi "am Moment refuséieren, hire gerechten Undeel ze bezuelen an déi natierlech dann extreem sensibel drop reagéieren, wann hei a bal allen Negociatiounselementer vum globale Süden nees drop verwise gëtt, datt et d'Responsabilitéit ass vun de Globalen-Norden-Länner, Suen op den Dësch ze leeën."

Datt an dësem Dossier e kloert politescht Signal gesent gëtt, ass eng vun den Erwaardungen, déi den David Hoffmann un de Sommet huet.

Offiziell geet d'COP31 nach bis nächste Freideg, also den 20. November. Ëmmer nees ass et bei der Konferenz awer virkomm, datt sech d'Verhandlungen nach bis an de Weekend era gezunn hätten. Dat wier tendenziell éischter e gutt Zeechen: "Well dat heescht, datt et nach Raum gëtt fir besser Kompromësser. Wa mer lo e Freiden hei mat den Negociatiounen ofschléissen, dann heescht dat warscheinlech, datt mer net un deene Stellschrauwe vill gedréint hunn, déi wäerte wéidoen. An da wäerte mer mat engem relativ trauregen oder enttäuschende Kompromëss warscheinlech aus der Saach erausgoen.", sou nach den David Hoffmann.

Back to Top
CIM LOGO