D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Ultramarathon an Antarktis, Klimakonferenz, Cyclocross-EM an Orchester

RTL Lëtzebuerg
Lea Schwartz
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 15. November 2026
Ultramarathon an Antarktis, Klimakonferenz, Cyclocross-EM an Orchester

Dës Woch geet et an de KannaNiuuss ëm d’Kanadierin Stephanie Case, si ass den ‘Antarctic Ice Ultra’ matgelaf. Dat waren 160 Kilometer an der Antarktis bis -24 Grad. Si war déi éischt Fra, déi do matgelaf ass. An et war och déi éischte Kéier, dass ee Roboter matgelaf ass. Deen huet allerdéngs no 3 Kilometer missten opginn. Seng Batterie war eidel.

Aner Theme waren d’Klimakonferenz, de Chrëschtbeemchen an der Stad an d’Cyclocross-Europameeschterschaft.

Am Reportage entdeckt eise Kannerreporter Jonas d’Philharmonie a kuckt, wéi eng Instrumenter zu engem Orchester gehéieren.

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

All d'Emissiounen um RTL Play

Kannaniuuss

KannaTivi

Eis Stëmmen

Back to Top
CIM LOGO