Ee BlesséiertenBrand an Heizungsraum zu Nidderkuer

Andy Brücker
Um Sonndeg de Moien hunn d'Pompjeeë wéinst engem Brand mussen op Nidderkuer an den Asaz.
© Laurent Weber

E Sonndeg de Moie kuerz virun 10 Auer goufen d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a Käerjeng an den Asaz geruff, grad ewéi Ambulanze vun Diddeleng a Suessem-Déifferdeng. Zu Nidderkuer an der Rue Pierre Gansen war et zu engem Brand an engem Heizungsraum komm.

Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO