Neijoersch-Message vum Chamberpresident"Zejoert war eng Belaaschtungsprouf"

Roy Grotz
De Fernand Etgen huet der Kris awer och Positives zouerkannt: nämlech d'Solidaritéit an d'Hëllefsbereetschaft, déi ee gesinn hätt.

"Zejoert war eng Belaaschtungsprouf" fir eis Gesellschaft, eise Gesondheetszoustand, mä och fir d'Wirtschaft, den eegene Gefillszoustand an d'Demokratie, dat sot de Chamberpresident a sengem Neijoersch-Message, deen exzeptionell e Sonndeg den Owend op Chamber-TV iwwerdroe gouf.

De Fernand Etgen huet der Kris awer och Positives zouerkannt: nämlech d'Solidaritéit an d'Hëllefsbereetschaft, déi Ee gesinn hätt...

Au contraire zu anere Länner, huet d'Parlament hei am Land zu all Ament vun der Kris ëmmer hir Roll gespillt - sou wéi och aktuell, wou jo nach dës Woch dat neit Covid-Gesetz debattéiert gëtt. De Fernand Etgen:

De Chamberpresident Fernand Etgen

Den neie Chamber Generalsekretär Laurent Scheeck huet iwwerdeem op d'Defien higewisen, déi d'parlamentaresch Verwaltung ze meeschteren hätt: Stéchwierder sinn e komplett neien Internet-Site vum Parlament, grad wéi e ganz neie Site fir d'elektronesch Petitiounen ze lancéieren.

Weider Prioritéite fir d'Chamber heeschen e substantiellt Opstocke vun de legislativen a logistesche Capacitéite bannent der Verwaltung, respektiv och d'Zesummeschaffe mat den anere staatlechen Institutiounen, sou datt d'Chamber weider mat "engem feste Fouss" soll an der Gesellschaft stoen, sou de Laurent Scheeck am Video-Message.

Hei de Link op de komplette Video!

Back to Top
CIM LOGO