Santé presentéiert 2 grouss ZukunftsprojetenZentraliséiere fir méi effikass ze schaffen am Sënn vum Patient

RTL Lëtzebuerg
De Gesondheets- a Fleegesecteur soll ee gemeinsamen informatesche System kréien.
Zentraliséiere fir méi effikass ze schaffen am Sënn vum Patient
De Gesondheets- a Fleegesecteur soll een ee gemeinsamen informatesche System kréien.

A Medikamenter a medezinescht Material sollen iwwert en nationale Logistik-Zenter akaf, stockéiert a geréiert ginn. De CNAL, Centre National d’Achat et de Logistique

D’Covid-Pandemie huet däitlech gemaach, wéi komplizéiert et ass, wa Medikamenter a medezinescht Material feelen a keen en zentralen Iwwerbléck vun de verschiddene Stocken am Land huet. Dat soll sech mam nationalen Akaf- a Logistikzenter, kuerz CNAL, änneren. Erkläert de Xavier Poos, Directeur Adjoint vun der Santé:

“Mir wëlle goen op eng grouss logistesch Hal, wou mer zentral fir all eis Strukturen akafen. Sief et fir Spideeler, fir de COPAS-Secteur, fir de CGDIS. An dann zesummen akafen, stockéieren an d’Leit beliwweren.”

Domadder géif een Zäit, Suen a Plaz spueren.

D’Iddi ass net nei. An och d’OECD huet der Regierung am Rapport iwwer d’Gestioun vun der Pandemie d’Schafe vun esou enger Struktur recommandéiert. D’nächst Joer sollen di gemeinsam Akeef ulafen. Bis d’Logistikhal operationell wäert sinn, eventuell zu Suessem um fréiere WSA-Site, dierft et 2030/31 ginn.

Den HISL, Health Information System Luxembourg

Een eenzegen informatesche System fir de Lëtzebuerger Gesondheets- a Fleegesecteur, dat ass den zweete Projet, deen am Gesondheetsministère virgestallt gouf. D’Gesondheetsministesch schwätzt vun engem reegelrechte Paradigmewiessel fir Lëtzebuerg. “Wou een ewechkënnt vun der Situatioun, datt all eenzelen Acteur, all Spidol säin eegene System huet. A wou mer dat da matenee schwätzen doen.”

Duerch den HISL soll den administrativen Opwand fir Gesondheets- a Fleegepersonal méi kleng ginn. D’Prise en charge vum Patient verbessert, well souwuel den Noutmedezinner, wéi de Generaliste oder de Fleegedéngscht Zougang zu alle wichtegen Informatioune kréie kann.

“Dat Ganzt natierlech am Respekt vum Dateschutz a mam Accord vum Patient”, betount d’Paulette Lenert.

De Patient selwer soll den HISL och fiddere kënne mat Donnéeë vun Applikatiounen, déi beispillsweis säi Bluttzockerspigel suivéieren oder an deenen hien dokumentéiert, wéi eng Medikamenter hie wéini geholl huet.

D’Donnéeë kéinten och fir d’Recherche genotzt ginn. Viraussiichtlech de Patient gëtt säin Accord.

Ausserdeem wäert den HISL konform sinn, fir beim EU Health Data Space matzemaachen, engem zukünftegen europäesche Projet, deen de grenziwwerschreidenden Austausch vu Gesondheetsdaten erméigleche soll. Lëtzebuerg wëll do mam HISL eng Virreiderroll spillen.

Vum Projet bis zur Plattform wäerten awer op d’mannst 3-4 Joer vergoen. Nieft dem HISL soll och den elektronesche Patientendossier bestoe bleiwen. Dëse géif permanent iwwerschafft a verbessert ginn.

LINK: Liest hei d’Schreiwes vum Gesondheetsministère

Back to Top
CIM LOGO