
Hannergrond ass eng Decisioun op EU-Niveau, mat där fräiwëlleg Kontrollmechanismen ewechfalen. De Charel Schmit fäert enorm Konsequenzen.
Bei der E-privacy-Direktiv gouf et eng temporär Derogatioun, déi et Online-Plattformen erméiglecht huet, hire Contenu ze kontrolléieren an deemno wéi ze denoncéieren.
“Zënter 2021 gouf et esou eng Iwwergangs-Direktiv, déi et erméiglecht huet, dass am Fong déi grouss Bedreiwer vun de Messenger-Déngschter konnte fräiwëlleg Kontrolle maachen an de private Kommunikatioune vun den Notzer. An dat gouf gemaach”, sou de Charles Schmit. “99 Prozent vun deem Material, wat un d’Justizautoritéiten an alle Länner an Europa matgedeelt gëtt, kënnt eeben op enger fräiwëlleger Basis vun deene Plattformbedreiwer.”
D‘EU-Parlament huet awer rezent majoritär derfir gestëmmt, fir dës Derogatioun net ze verlängeren.
De Charel Schmit fäert am genannte Beräich elo massiv Konsequenze fir déi penal Poursuitten. Dëse Changement géing de Reseauen, déi sou Material deelen op alle Fall an d‘Kaarte spillen.
Am EU-Parlament gouf et eng politesch Patt-Situatioun. D‘Géigenargument ass dat vun der Privatsphär:
“Déi eng Fraktioun wëll manner Kontroll oder guer keng Kontroll vun de perséinlechen Chatten, vun der Chat-Kommunikatioun hunn, well se dat als een ze wäiten Agrëff an déi Perséinlechkeetsrechter an d’Fräiheetsrechter vun de Leit ugesinn.”
Et wier elo e Vide entstanen, bis déi nei Direktiv en place ass, sou de Kannerrechtler Schmit. Déi entspriechend Initiativ fir en ëmfaassende Schutz vu Kanner gouf schonn 2022 op den Dësch geluecht, ma d‘Politik géing träntelen, bedauert de Charel Schmit.
Lëtzebuerg steet am internationale Ranking iwwregens net gutt do, ënner anerem well Kannermëssbrauch-Material op Lëtzebuerger Serveren ass: “Lëtzebuerg kënnt am Verhältnis zu den anere Länner ebe mat 186 Meldungen op 10 .000 Awunner op véierter Plaz.”
D‘Problematik hätt sech dem Bee Secure-Radar no vum leschte Joer op dëst Joer nach emol verschäerft. Dofir wier och d‘Lëtzebuerger Politik gefuerdert, sech op EU-Niveau massiv dofir anzesetzen, datt déi nei Direktiv sou séier wéi méiglech kënnt, sou nach de Charel Schmit am RTL-Interview