EDMO BELUX (European Digital Media Observatory for Belgium and Luxembourg) ass eng Plattform fir Recherchen iwwer digital Medien an Desinformatioun. EDMO BELUX schafft a fënnef Sproochen (Franséisch, Hollännesch, Lëtzebuergesch, Englesch an Däitsch) a bréngt een Netzwierk vu méi wéi 100 Desinformatiounsexperten zesummen. Et ass ee vun aacht Projeten, déi vun der EU finanzéiert gouf, fir national a multinational Observatoirë fir d’Bekämpfung vun Desinformatioun opzebauen.
Déi modern Technologien hunn dozou gefouert, datt Desinformatioun sech hautdesdaags immens séier verbreede kann. Dofir lancéiert EDMO BELUX seng éischt Aktiounen, dorënner seng Internetsäit belux.edmo.eu. Fir der Verbreedung vun Desinformatioun an der Belsch an zu Lëtzebuerg besser entgéintzewierken, ginn all Dag nei Faktenchecks a Ressourcen online an op de soziale Medie publizéiert.
Obwuel et onméiglech schéngt, all online verfügbar Informatiounen ze iwwerpréiwen, baut EDMO BELUX op staark Partnerschafte mat wichtegen Noriichteredaktiounen, déi an dem Beräich täteg sinn, dorënner AFP (Agence France Presse), RTL Lëtzebuerg an RTBF. Dës dräi Membere wäerten déi Deeler vun der Gesellschaft, déi primär vun Desinformatioun betraff sinn (Medien, Zivilgesellschaft, Regierung), erreechen, fir den Impakt vun Desinformatiounscampagnen ze minimiséieren.
Op der Internetsäit belux.edmo.eu, iwwert den Twitter-Account @EDMO_BeLux an op LinkedIn ënner EDMO BELUX. Och op den 3 RTL-Websäiten ënnert der Rubrik Faktencheck (RTL.lu, 5minutes.lu an Today.lu) gi reegelméisseg Artikele publizéiert.

EDMO BELUX ass eng communautéitsiwwergräifend, méisproocheg Kollaboratioun tëscht der Vrije Universiteit Brussel, der Université Saint-Louis - Bruxelles, Mediawijs, dem EU Disinfolab, Agence France-Presse, RTL Lëtzebuerg, RTBF an dem Athens Technology Center.
De komplette Communiqué vun EDMO: