
Eng Initiativ, déi zejoert lancéiert gouf, soll d’Fleegepersonal am Alldag entlaaschten, andeems administrativ a logistesch Aufgaben iwwerholl ginn. Doduerch kréien d’Infirmièren an Infirmieren erëm méi Zäit fir dat Wesentlecht: dem Patient nozelauschteren, sech ëm seng Fleeg ze këmmeren an eng mënschlech Begleedung ze garantéieren. Elo goufen éischt Resultater presentéiert, déi weisen, datt de Projet net nëmmen den Alldag vum Fleegepersonal verbessert, mee och dozou bäidréit, de Stress op de Statiounen ze reduzéieren an d’Qualitéit vun der Betreiung fir d’Patienten ze stäerken.
An de Lëtzebuerger Spideeler klëmmt den Drock op d’Fleegepersonal zanter Joren. Administrativ Aufgaben, Logistik an Organisatioun huelen ëmmer méi Plaz am Alldag an — Zäit, déi dono bei der Betreiung vun de Patiente feelt. Genee hei wëllen d’Hôpitaux Robert Schuman mam Pilotprojet "OxySoins" usetzen.
De Constat wier séier kloer gewiescht: Infirmièren an Aides-soignants verbréngen ëmmer méi Zäit mat Aufgaben, déi net direkt zur Fleeg gehéieren. Material organiséieren, Commandë maachen, Rendez-vousen koordinéieren oder logistesch Problemer léisen, géifen den Aarbechtsalldag zousätzlech belaaschten. Dat hätt konkret Konsequenzen um Terrain: manner Presenz beim Patient, méi Stress, ëmmer méi Iwwerstonnen an e Beruff, deen un Attraktivitéit verléiert. "OxySoins" soll deem entgéintwierken an d’Fleegepersonal nees entlaaschten, erkläert d
e Marc Berna, Direkter vun der Zitha Klinik. De Projet wier dobäi eng Initiativ, déi laangfristeg der ganzer Bevëlkerung zegutt kéim.
„Éischtens wëlle mir d‘Gesondheet vun der Bevëlkerung verbesseren, zweetens soll et économiquement durable sinn, drëttens d‘expérience patient soll optimal sinn a véiertens, fir dass dat alles méiglech ass, mussen och d‘Leit, déi schaffen, gutt Aarbechtsbedingungen hunn. An op all deene Projete gräift de Projet OxySoins gläichzäiteg un.“
Déi éischt Resultater vum Pilotprojet weisen eng kloer positiv Entwécklung. D’Fleegepersonal huet am Duerchschnëtt ronn 20 Prozent méi direkte Kontakt mat de Patiente. Gläichzäiteg sinn d’Iwwerstonnen ëm bal 60 Prozent zeréckgaangen. Och den empfonnte Stress ass den Evaluatiounen no ëm zéng Prozent gefall.
Nieft de Verbesserunge fir d’Personal hätt sech och d’Sécherheet vun de Patiente positiv entwéckelt. An de Raim, déi mam neie System equipéiert goufen, sinn 41 Prozent manner Chutte bei de Patiente registréiert ginn, wat dem Direkter no ënner anerem mat enger méi staarker Presenz vum Fleegepersonal an de Patientenzëmmeren zesummenhänkt.
"D‘Tendenz geet an déi richteg Richtung: Mir hunn eng méi héich Patientenzefriddenheet, mir hunn eng méi héich Mataarbechterzefriddenheet, mir hunn eng besser Qualitéit vun de Soinen, déi mir un den éischten Indicateure gesinn, wéi zum Beispill manner Chutten, déi mir hunn. A mir gesinn och, dass mir aus deene manner Absencen a manner Iwwerstonnen, och wäerte sécherlech Aspuereffekter hunn.“
Déi Aufgaben, déi fir d’Fleegepersonal wechfalen, solle vun neie Mataarbechter iwwerholl ginn. Dobäi handelt et sech ënner anerem ëm Assistenten am Beräich Logistik, Service hôtelier oder Patientebetreiung, déi den Alldag op de Statiounen ënnerstëtzen an eng Rei organisatoresch Aufgaben iwwerhuelen. Insgesamt kéinten esou an Zukunft ronn 66 zousätzlech Platzen geschaaft ginn, fir de System och op aner Servicer auszebauen.
Am Kader vum Pilotprojet goufen um Site Zitha schonn aacht nei Mataarbechter rekrutéiert. Eent dovun ass d‘Soledade Alves, déi schonn zanter 20 Joer an der Zitha Klinik schafft. Si ass vum Accueil eriwwer an den OxySoins gewiesselt an ass frou, elo méi no um Terrain an am direkte Kontakt mat de Patienten ze sinn.
"Wann een ufänkt hei ze schaffen, administrativ etc. Wou d‘Infirmièrë soss hu misste maachen, weess ech wierklech net , wéi si dat virdru gemaach hunn, et ass wierklech immens vill Aarbecht. Mir kréien och ee mega schéine Retour vun de Patienten. Heiansdo komme si hei ran, schonn amgaang mat kräischen, si sinn nach guer net hospitaliséiert an déi 5 Minutten, wou mir eis méi huele mat de Patienten, hëlleft ganz vill.“
Eng vun den Infirmièren, déi vum Projet profitéiert, ass d‘Nicole Biernath. Fir si ass et eng richteg Erliichterung, elo eng riets Hand ze hunn, déi hir bei organisatoreschen an administrativen Aufgaben ënnert d‘Äerm gräift.
„Ech hunn um Ufank geduecht, dat brauch een net. Ech hunn dat sou vill Jore gemaach ouni, an hu geduecht, wat soll mir dat bréngen, wann een den Telefon entgéint hëlt. Hunn awer schnell gemierkt, dass et eng grouss Hëllef ass fir eis. Esou een Telefon geet am Dag 40-50 Mol pro Schicht géif ech soen, wou een dann net gestéiert gëtt an ee seng Aufgabe ka konzentréiert weidermaachen, et muss een net ophalen, wann een e Verband oder ee Soins mécht an d‘Leit si ganz frou, dass een tëschenduerch nach méi oft an d‘Kummere kennt oder eng Fläsch Waasser brauchen oder si hätte gär eng Zeitung oder se wëllen einfach mol schwätzen.“
Ee weidert Zil vum Projet ass et, d’Aarbecht vum Gesondheetspersonal méi staark ze valoriséieren an d’Aarbechtsbedéngungen nohalteg ze verbesseren. Doduerch soll net nëmmen d’Liewensqualitéit vum Personal klammen, mee och d’Beruffer am Gesondheetswiese méi attraktiv ginn, fir dem Manktem u qualifizéierte Mataarbechter entgéintzewierken.
D‘Ambitioun vun der Zitha-Klinik ass et, de Service "OxySoins“ no an no op déi ganz Klinik auszebauen an och op den anere Site vun den Hôpitaux Robert Schuman z‘integréieren.