
Dat bréngt de laang gewënschte Reen, allerdéngs dovu vill op ee Stouss. Lokal kënnen dat och mol bis 60 mm sinn. Dobäi och Stuermspëtzen. Fiicht Atlantik Loft, déi vun engem Déif iwwer Irland a Richtung Lëtzebuerg gedriwwe gëtt, huet sech mat de waarmen Temperature mat vill Energie opgelueden. Esou dass et zu Wiederen an och Onwiedere wäert kommen.
Mat lokale Schliet, déi gäre mol 40 bis 60 mm op een Zock ausmaache kënnen, kann den dréchene Buedem dacks net ophuelen.
Dobäi heescht et d’Fënsteren an Dieren zoumaachen, an och Terrassemiwwel eran huelen oder ustrécken, well et si Stuermspëtzen, also Wandstéiss, mat iwwer 75 km/h ze erwaarden.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?