Déi rapid Zënshaussen zënter dem leschte Juli, d’Explosioun vun den Energiepräisser, Liwwerproblemer an d’Imprevisibilitéit um Immobiliëmarché. Alles dat huet dat lescht Joer och d’Bank Raiffeisen beschäftegt a Suerge gemaach. Nawell konnt d’Genossenschaftsbank d’Joer 2022 mat zolitte Resultater ofschléissen. Sou huet d’Raiffeisen en Nettobenefice vun 23,7 Milliounen Euro gemaach. Dat ass e Plus vu bal 4 Milliounen Euro, respektiv bal 20 Prozent par Rapport zu 2021.
Et hätt een d’Aktivitéit a sämtleche Geschäftsberäicher kënne steigeren, sot de President vum Direktiounscomité Yves Biewer. D’Immobiliefinanzéierung géif weider zu den Haaptaktivitéite vun der Raiffeisen gehéieren. Hei gouf um Enn vum Joer 2022 eng Augmentatioun vu 4,7 Prozent verzeechent.
Den Impakt vun den Zënserhéijunge géif sech warscheinlech eréischt an den nächste Méint bemierkbar maachen. Den Ament hätte jiddefalls nach net méi Clientë wéi soss Problemer, fir Prêten zréckzebezuelen.
De Banken hätten d’Zënshaussen erlaabt, d’Marge ze rekonstituéieren, déi an deene Jore verluer gaangen ass, wou een et mat historesch déiwen oder souguer Negativzënse ze dinn hat.
Dernieft géifen déi aktuell Zënstauxen nees méi zum Spuere verleeden, sou den Yves Biewer.
Et gëtt sou oft iwwert de Renchérissement vun de Kreditter geschwat. Op der anerer Säit hu mer méi Spuerzomme bei eis am Bilan, wéi mer Kreditter hunn. An déi Leit profitéieren natierlech och, well se rëm e gewëssene Rendement hunn op traditionelle Produiten, déi eigentlech an der Versenkung verschwonne waren. Ech schwätze vum Dépôt à vue, vum Dépôt à terme, vum Spuerbuch. Dat si Produiten, déi lo rëm eng gewëssen Attraktivitéit kréien an déi och profitéiert gi vun der Clientèle. Mir gesinn dat ganz kloer.
No um Client ze sinn ass de Responsabele vun der Raiffeisen wichteg. Dofir gëtt ëmmer nach Wäert op déi perséinlech Berodung an de ronn 30 Agencen am Land geluecht, mä awer och iwwert den digitale Wee. D’Genossenschaftsbank huet 2022 20 nei Leit agestallt a versicht, hire Mataarbechter och ëmmer méi Flexibilitéit beim Schaffen ze ginn.
Weider ass et der Raiffeisen wichteg, fir an nohalteg Projeten z’investéieren. Sou goufen zum Beispill mat Hëllef vu Visa-Kreditkaarten 42.000 Beem zu Lëtzebuerg an am Bangladesch geplanzt. Am Gebai vun der Bank zu Leideleng goufen iwwerdeems 73 Luetstatioune fir Elektrogefierer am Parking installéiert an et gëtt méi “paperless” geschafft.