Zu Beefort an der Jugendherberg ass dës Woch d’Vakanzekolonie vum SNJ. Zenter e leschte Méindeg a nach bis e Freideg verbrénge 37 Kanner am Alter tëscht 7 an 12 Joer flott Momenter do zesummen. Déi verschiddenst Aktivitéite ginn den Dag iwwer ugebueden. Encadréiert gëtt de Grupp vun 9 Animateuren.
Schonn Deeg am viraus preparéiert d’Moniteursekipp dës Kolonie. Déi zwee Responsabel siche sech hir Ekipp eraus. Dobäi kënnt, datt och verschidde Kanner eng Eent zu Eent Betreiung wärend dem Openthalt zu Beefort kréien. Déi eenzel Animateure mussen allerdéngs och eng Formatioun duerchlafen, ier si un enger Kolonie däerfen deelhuelen.