
Um 12.14 krute sech zu Péiteng 2 Cyclisten ze paken. Um 12.47 Auer ass e Motocyclist gefall zu Béiwen. Et gouf hei all Kéier ee Blesséierten.
Um 14.30 Auer war et op der A7 Direktioun Fridhaff Kollisioun tëscht 2 Autoen. Hei gouf et keng Verwonnter.
Dann huet et op e puer Plaze gebrannt: kuerz virun 11 zu Bouneweg op engem Chantier, géint Mëtteg zu Diddeleng op engem Balcon an um Véierel vir 4 wéi gesinn zu Bettenduerf op engem Feld - hei waren d'Pompjeeë vu Bettenduerf, Reisduerf, Miedernach, Beefort, Dikrech an Ettelbréck op der Plaz - et ass awer néierens engem eppes geschitt.