Keng BlesséierterZu Bieles hat e Samschdeg ee Reienhaus gebrannt

RTL Lëtzebuerg
D'Feier am Haus an der Rue des Champs zu Bieles war séier ënner Kontroll, wéi d'Police an hirem Bulletin schreift.
© Archiv

Scho géint 14 Auer e Samschdeg hunn zu Bieles d'Pompjeeë missen intervenéieren, wéi an der Rue des Champs e Reienhaus gebrannt hat. D'Feier war séier ënner Kontroll. D'Awunner vun den Haiser niewendrun hunn awer missten evakuéiert ginn. Blesséierter gouf et keng.

D'Ursaach vum Brand ass bis ewell net kloer. Brandstëftung gëtt awer net ausgeschloss, esou d'Police.

E Sonndeg de Moien hat dann nach an der Rue Lentz zu Diddeleng eng Kummer an enger Wunneng gebrannt. Och hei gouf keng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO