
Tëscht dem CR322 an dem Aussiichtspunkt Victor Hugo gouf op enger Streck vun 1.000 Meter op dräi verschiddene Plaze Bauschutt deposéiert. Wéi d’Police matdeelt, wier dat tëscht dem 10.02.2024 um 17 Auer owes an dem 11.02.2024 um 10.30 Auer moies passéiert. Et geet een iwwerdeems dovun aus, dass de knascht entweder mat engem gréissere Gefier op d’Plaz bruecht gouf, oder dass dat mat e puer Trajete gemaach gouf.
Wie weider Informatiounen huet, ass gebiede sech beim Policekommissariat Dikrech-Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder iwwer Mail.