
Doktere gëtt et zu Lëtzebuerg net grad wéi Sand um Mier. Och wann dëse Constat fir dat ganzt Land zoutrëfft, sou spiert virun allem de ländleche Raum dee Mangel. A verschiddene Fäll konkurréieren d’Gemengen esouguer ëm d’Medezinner a probéiere se mat besonnesch attraktive Konditiounen unzelackelen, respektiv ze halen. Dat hat ee sech och zu Colmer-Bierg geduecht an et wollt een an engem Gebai an der Avenue Gordon Smith ee Cabinet médical, wou d’Gemeng zwou kommerziell Fläche kaaft hat, ënnerbréngen. Aktuell gëtt et schonn ee Cabinet médical mat véier Dokteren an engem Gebai, dat der Gemeng gehéiert, an där selwechter Strooss e puer Honnert Meter weider, dat awer liicht an d’Jore komm ass an net méi onbedéngt den haitege Standarden entsprécht (um éischte Stack ginn deels Museksprouwen ofgehalen).

Dowéinst hat ee vu Gemengesäit virun e puer Joer Kontakt mat engem Deel vun den Dokteren, fir ze kucken, ob Interêt besteet an déi nei Raimlechkeeten ze plënneren. Dat Thema hat Enn d’lescht Joer zu enger nawell méi hefteger Diskussioun wärend enger Gemengerotssëtzung gefouert. Viru ronn véier an engem hallwe Mount hat de Buergermeeschter Christian Miny erkläert, datt déi zwee Dokteren, mat deenen ee Kontakt hat, d’Raimlechkeeten zum Schluss als net wierklech fir ee Centre médical gëeegent bezeechent hätten. Dat wier verwonnerlech, well d’Medezinner zwee Joer virdrun nach Interêt signaliséiert hätten, sou datt ee sech d’Fro stelle misst, op d’Gemeng hei net “vläicht ugeschass” gi wier.
Héije Loyer a weider Käschten als Knackpunkt
Et ware wuel virun allem de Loyer an Héicht vu 4.000 Euro de Mount an d’Tatsaach, datt d’Raimlechkeete bannen nach ee Réibau sinn, deen d’Dokteren op eege Käschten hätte missen amenagéiere loossen, déi derzou gefouert hunn, datt d’Doktere vum Projet net méi ganz sou begeeschtert waren.

Wärend der ernimmter Gemengerotssëtzung gouf virun allem vum Conseiller Fernand Diederich kritiséiert, datt den Dokteren net d’Méiglechkeet gebuede gi wier, datt d’Raimlechkeete spéider an hire Besëtz iwwerginn. Doriwwer eraus koum d’Fro op, wat een alternativ mat der kommerzieller Fläch maache kéint. Wärend de Christian Miny d’Iddi an de Raum geworf huet, se ze versteeën, wollten eng Partie Gemengerotsmembere léiwer weider no potenzielle Locatairen oder Keefer sichen. Sief et aus dem medezineschen oder engem anere Beräich. De Schäfferot hat sech dann och dozou bereet erkläert, dat an deenen nächste véier bis fënnef Méint ze maachen.
Schäfferot geet net méi mat an d’Gemengewalen
Mëtt Abrëll huet sech d’Situatioun net wierklech geännert. Op RTL-Nofro hin erkläert de Buergermeeschter, et wier ee mat e puer Interessenten am Gespréich, vill méi kéint hien net soen, ausser datt se net aus dem medezinesche Beräich kéimen. Ob et virun de Gemengewalen den 11. Juni zu enger Ënnerschrëft kënnt, schéngt onkloer.
Interessant ass iwwerdeems, datt kee Member aus dem aktuelle Schäfferot, also weder de Christian Miny nach d’Malou Kasel-Schmit oder d’Georgette Weber, méi mat an d’Wale goe wäert. Ma et ginn awer 13 aner Kandidaten mat an d’Course, fir ee vun den am Ganzen néng Sëtz. Ee vun hinnen ass de Fernand Diederich. Hien ass aktuell einfache Conseiller, war awer scho vun 1994 bis 2011 Buergermeeschter zu Colmer-Bierg, a geet elo un der Spëtzt vun enger Grupp vu siwe Leit an d’Course, déi awer als eenzel Kandidaten an der Majorzgemeng untrieden.
Al Post als alternative Standuert fir Centre médical
Op Nofro hi mengt hien, datt et net gutt wier, wann deen aktuelle Schäfferot elo nach eng Decisioun zu de Raimlechkeeten an der Avenue Gordon Smith huele géing. Dat sollt léiwer deen neie Gemengerot maachen. Hie kéint sech och virstellen, datt een op en Neits Kontakt mat den Doktere vu Colmer-Bierg ophëlt. Hie géing sech dobäi awer zeréckhalen, well ee vun de Medezinner säi Jong ass. Et wieren awer och aner Optioune méiglech, iwwert déi am neie Gemengerot transparent diskutéiert misst ginn.
De Fernand Diederich bréngt och ee weidere Standuert fir een neie Centre médical an d’Gespréich, nämlech déi al Post, déi d’Gemeng viru Kuerzem kaaft huet.

Hei misst ee kucken, ob d’Gebai wechgerappt muss oder erhale ka ginn. Ob am nächste Gemengerot iwwert sou eng Pläng diskutéiert wäert ginn, wäert och dervun ofhänken, wéi sech d’Wieler den 11. Juni decidéieren.
Reaktioun vum Schäfferot
Den aktuelle Schäfferot reagéiert mat engem Communiqué op dësen Artikel. Am Schreiwes gëtt de Verlaf vum “Dossier Centre médical” aus der Siicht vun der Gemeng nogezeechent. Et ginn och Prezisiounen zum Loyer, deen d’Dokteren fir dat aktuellt Gebai bezuele mussen.
