
De schëllege Chauffer hat et awer net fir néideg fonnt, stoen ze bleiwen, konnt awer kuerz drop ermëttelt ginn. Do huet sech dunn erausgestallt, dass hie kee valabele Fürerschäin hat. Dobäi koum dann nach, dass en ze vill gedronk hat. Den Auto gouf beschlagnaamt.
E Sonndeg den Owend goufen dann nach 3 Permisen agezunn, well d’Automobilisten ze vill gedronk haten. Dëst war de Fall zu Esch, zu Mënsbech an op der A1.