
An der Munnereferstrooss zu Fréiseng hat en Donneschdeg géint 22 Auer eng Fra 3 Abriecher iwwerrascht, wéi se heem komm ass. Déi hu sech duerch de Gaart duerch d’Bascht gemaach a sinn du mat engem Auto Richtung Uespelt fortgefuer.
Nëmmen 20 Minutte méi spéit haten Abriecher zu Izeg an der Rue de la Libération och keng Chance, well och déi konnte vun engem Awunner verdriwwe ginn, nodeems se d’Rolllued schonn ophiewelt haten a sech dunn un der Fënster ze schafe gemaach hunn. Déi zwee Abriecher sinn doropshi geflücht.
An der Rue des Vignes zu Wuermer blouf et och just bei engem Abrochversuch, wéi d’Police an hirem Bulletin schreift.
An der Mamer Strooss zu Bartreng ass et en Donneschdeg géint 13.45 Auer besser fir d’Abriecher gelaf, respektiv méi schlecht fir d’Hausbewunner. Hei konnte se an engem Eefamilljenhaus Bijouen an en Handy klauen. D’Abriecher haten eng Fënster ageschloen, fir an d’Gebai eranzekommen.