Et soll dat Bescht fir déi Klengste sinn. Vill Eltere vertrauen dofir op Puppelchersnarung vu grousse Marken, dacks mat engem Schwäizer oder franséische Logo. Mee genee dës Entreprisë stinn aktuell am Mëttelpunkt vun engem méiglechen internationale Skandal.
Nodeem Nestlé Enn 2025 eng éischt Verschmotzung vun hirem Mëllechpudder an enger Fabrik an Holland entdeckt huet, gouf Ufank Januar d’Mëllech fir Puppelcher a méi wéi 60 Länner zeréckgeruff, dorënner och zu Lëtzebuerg. Betraff sinn ënner anerem d’Marke Beba, NAN an Alfamino. Et ass déi gréisste Réckruffaktioun an der Geschicht vun der Entreprise. De Verdacht: Cereulid, eng toxesch Substanz, déi duerch d’Bakterie Bacillus cereus produzéiert gëtt, kéint an engem Zousaz enthale sinn, dee verschidde Produzente benotzt hunn.
D’Situatioun huet besonnesch Opmierksamkeet kritt, nodeems a Frankräich zwee Puppelcher gestuerwe sinn. En direkte Zesummenhang mat der kontaminéierter Puppelchersnarung ass zwar nach net bewisen, mee d’Enquête lafen. Och an Holland an an der Belsch goufen Fäll vu kranke Puppelcher gemellt.
Zu Lëtzebuerg ass bis ewell ee Fall vun enger Cereulid-Intoxikatioun bei engem Puppelche bekannt. Ob dës op de Mëllechproduit zeréckzeféieren ass, gëtt aktuell ënnersicht. Dem Puppelche geet et awer nees gutt. D’Kannerdoktesch Dr Isabel De La Fuente vum CHL betount awer, datt den Ament net méi Fäll vu Kanner mat staarkem Erbriechen aus onbekannte Grënn konstatéiert ginn. “Mir hunn hei zu Lëtzebuerg awer keng Alerte, datt d’Zuel bei Kanner, déi sech ouni konkret Grënn iwwerginn, eropgaangen ass. Dat ass wichteg. An der Kannerklinik hate mer bis elo just ee Fall, wou Symptomer op eng Intoxikatioun zeréckféiere kéinten. Mir maachen do grad eng Enquête. D’Inspection sanitaire ass au courant. D’Alva, déi sech ëm d’Liewensmëttelsécherheet bekëmmert, ass au courant. D’Mëllech gëtt och analyséiert. Mee bis ewell bleift et en Eenzelfall.”
An der Tëschenzäit ass och méi iwwert d’Ursaach vum Problem bekannt ginn. Verschidde Marken, dorënner och Danone a Lactalis, hunn eege Réckruffaktiounen ugekënnegt. D’Gemeinsamkeet: En Zousaz, deen iwwerall vun deem nämmlechte Fournisseur aus China hiergestallt gouf, der Firma Cabio Biotech.
Dës Substanz gëtt an d’Puddermëllech bäigemëscht, fir se méi no un d’Zesummesetzung vu Mammemëllech ze bréngen. Am Fall vun enger Kontaminatioun kann et awer mol zu Symptomer bei vulnerabele Leit kommen - besonnesch bei Puppelcher.
D’Symptomer – virun allem staarkt Iwwerginn – weise sech meeschtens eng hallef bis sechs Stonnen no der Consommatioun. Den Autoritéiten no ass de Risiko zwar limitéiert, mee et soll een oppassen, esou de Patrick Hau, Chef vum Kommissariat fir Qualitéit a Sécherheet bei Liewensmëttel: “Mir ginn dovun aus, datt de Risiko relativ kleng ass, soss géifen et vill méi Fäll ginn. Mee de Risiko ass net null. Dofir ginn och all betraffe Produiten aus dem Verkéier gezunn, fir eng méiglech Expositioun ze verhënneren”.
Der ALVA no wier d’Puppelchersmëllech zu Lëtzebuerg och streng kontrolléiert. “Mir maachen eng ganz Rëtsch vu Routine-Analysen, och bei Puppelchersmëllech. Standardméisseg gëtt op Bacillus cereus kontrolléiert. Am Ganze sinn et ronn 1.400 Analysen d’Joer an do ass bis elo näischt Ongewéinleches opgefall”, erkläert d’Josiane Dahm.
Sollt et zu Problemer mat engem Produit kommen, kënnen d’Exportatioun an Ingrediente retracéiert ginn. “E franséische Betrib seet zum Beispill den Autoritéite Bescheed. Déi franséisch Autoritéite soen eis dann iwwert den europäesche Warnsystem Bescheed. Iwwert dee gëtt d’Kommunikatioun iwwert de ganzen europäesche Reseau verfollegt. An esou kënne mir sécher goen, datt déi richteg Mesuren um Marché ëmgesat ginn”, esou d’Claude Scholtes.
Wéi eng Produiten a wéi eng Assortimenter dovunner konkret betraff sinn, kann een zu all Moment op Lu-alert.lu noliesen.