Dacks zu Laaschte vun der LandwirtschaftZu Lëtzebuerg ginn 170 Hektar pro Joer verbraucht

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus der Äntwert op eng Question parlamentaire ervir. Tëscht de Joren 2007 an 2018 louch de Landverbrauch deemno bei 1.864 Hektar.
© Archiv

Zu Lëtzebuerg ginn an der Moyenne knapp 170 Hektar Land d’Joer verbraucht. An dat zu 90 Prozent zu Laaschte vun der Landwirtschaft. Dës Chiffere liwweren de Landwirtschaftsminister Claude Haagen an de Minister fir Landesplanung Claude Turmes op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas. Tëscht 2007 an 2018 sinn am ganzen 1.683 Hektar landwirtschaftlech Fläche verschwonnen. Alles Felder a Wisen deemno, déi fir en aneren Zweck genotzt an ënnert anerem bebaut goufen. Op ronn 270 Hektar goufen, de Ministeren no, zum Beispill landwirtschaftlech Bauten opgeriicht.

De komplette Landverbrauch louch an de Joren 2007-2018 bei 1.864 Hektar. An där Zäit sinn ënnert anerem och 156 Hektar Bësch verschwonnen. D’Regierung huet sech, wéi se schreift, am Kader vum Programme directeur iwwert d’Landesplanung virgeholl, de Buedemverbrauch ze bremsen. Erkläertent Zil ass, datt de ländleche Raum an Zukunft manner zersidelt gëtt a prioritär do gebaut gëtt, wou et am meeschte Sënn ergëtt.

Back to Top
CIM LOGO