Et kann een nach fir gutt 300.000 Awunner bauen, dat geet aus engem Rapport deen e Méindeg vun Landesplanung an dem Logementsministère presentéiert gouf ervir. Et wäre genuch Terrainen do, déi aktuell scho bebaut dierfte ginn an déi bis zu 142.000 Wunnunitéite liwwere kéinten. Et wier eng politesch Prioritéit, dës zesumme mat de Gemengen un d'Leit ze kréien.5.000 Hektar u Baulandreserven huet Lëtzebuerg. 3.750 dovu kéinte reng un de Logement goen, esou de Minister fir d‘Landesplanung de Claude Turmes."Déi Zuele sinn impressionant. Mir hu fir méi ewéi 300.000 Flächen an de Bauperimeteren. Dat ass e klore Message, datt mir d‘Perimeteren net musse vergréisseren an nach méi Natur musse futti maachen, fir de Wunnengsbauproblem zu Lëtzebuerg ze léisen."De Logement mécht 64% vun de Reserven aus. Genuch Terrain fir déi nächst 26 Joer. Fir d'Etüd gouf mat 89 Gemengen zesummegeschafft."Mir hunn déi Flächen an der d'Stad Lëtzebuerg a ronderëm, mir hunn der am Süden, mee och an der Nordstad. Mir hunn der och ganz vill an den "zentralen Orte", also an Uertschaften, déi mer viru wëllen entwéckelen. Dozou gehéieren zum Beispill Réiden, Jonglënster, Iechternach, Gréiwemaacher oder Clierf. Dat heescht mir hunn Terrain op all deene richtege Plazen."An enger éischter Phas geet et virun allem drëm "Baulücken" ze fëllen. Verdichtung virum versigele vun neie Gréngflächen.„Dat sinn eigentlech déi Terrainen, déi am gënschtegste si fir ze entwéckelen. An dofir ass de Motto: "Innen vor aussen". Dat heescht, datt mer bannen an den Uertschaften entwéckelen amplaz baussen un de Grenze vun de Perimeteren. Dat huet natierlech de Virdeel, datt d‘Käschte vun den Infrastrukture méi kleng bleiwen, den ëffentlechen Transport ass méi einfach ze organiséieren an et gëtt manner Gréngfläch versigelt a manner Natur futti gemaach.“Vu Säite vum Logementsministère hofft een an Zukunft - mat de Gemengen zesummen - genuch Drock fir méi Mobiliséierung vun Terrainen ze maachen, sou de Logementsminister Henri Kox."An dofir musse mer déi Instrumenter ewéi eng Tax, ewéi ënnert anerem d‘Grondsteier an eng national Grondsteier garantéieren, fir déi Mobiliséierung besser ze steieren. Mee och fir d‘Main-Mise drop ze hunn an zesumme mat der Baubranche, zesumme mat de Proprietären, e Remembrement ëmsetzen, fir datt e Lotissement kann entstoen. D‘Fläche sinn do, mir musse se mobiliséieren an dofir muss mer d'Schrauwen zoudréien.“Tëscht 2019 an 2020 sinn d‘Logementspräisser zu Lëtzebuerg an der Moyenne ëm 16,9% geklommen. En Trend, dee manner duerch auslännesch Investisseure provozéiert gëtt, mee duerch Lëtzebuerger. 3.500 Persounen besëtzen d'Hallschent vun de Baulandreserven.