NikotinsäckelcherZu Lëtzebuerg net reglementéiert

RTL Lëtzebuerg
Dir kennt e vläicht nach, de Snus, och "Kautabak genannt. En Nikotin-Tubak-Gemësch fir ënnert d'Lëps.
Nikotinsäckelcher: Zu Lëtzebuerg net reglementéiert
Dir kennt e vläicht nach, de Snus, och “Kautabak genannt. En Nikotin Tubak-Gemësch fir ënnert d’Lëps.

Ofgesi vu Schweden ass de Snus an allen aneren EU-Länner verbueden. Dofir huet de sougenannten “wäisse Snus” awer säi Wee an eis Butteker fonnt. Nikotin-Säckelcher ouni Tubak an allerlee séisse Goûten. An der Belsch an an Holland si se scho verbueden. An dëse Länner gi se als Astigsproduit fir den Tubakkonsum consideréiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et bis ewell keng Reglementatioun, wuel awer e Produzent.

1.000 Nikotinsäckelcher d’Minutt ginn zu Hollerech hiergestallt. Deen neien Tubak-fräie Produit koum am Mäerz 2022 zu Lëtzebuerg op de Maart. Gëtt haut an enger Dosen europäesche Länner vermaart. Den Zigarettenhiersteller Heintz Van Landewyck diversifiéiert seng Offer. “Et soll eng Alternativ sinn zu den Tubaksproduite wéi Zigarett an den Dréin-Tubak zum Beispill, déi manner schiedlech sinn. Deelweis bedeitend manner schiedlech. Dat sinn ebe Produiten ouni Combustioun, ouni Verbrennung”, erkläert de Charel Lemmer.

Bedeit also manner kriibserreegend Substanzen, déi de Konsument zou sech hëlt. Harmlos sinn d’Produiten awer net, warnt den nationalen Zenter fir Suchtpreventioun. Nieft Kokain an Heroin géif d’Nervegëft Nikotin zu de Substanze mat héijem Suchtpotential gehéieren, seet de Christian Thiel vum CNAPA. “Datt ech an enger Situatioun, wou den Nikotinsäckelchen net gräifbar ass, datt ech dann zu aneren Nikotinproduite gräife wéi der Zigarett, der Shisha oder der elektronescher Zigarett zréckgräifen.

”... wéi eng Kamell”

Am CNAPA bedauert een, datt et zu Lëtzebuerg keng Reglementatioun vum Nikotinsäckelche gëtt. Deemno Virschrëfte fir Inhaltsstoffer oder Dosage feelen an och kee Mindestalter fir den Akaf gëllt. Dass Reklamm och net verbueden ass an de Produit gratis dierft verdeelt ginn. “Dat heescht, dat ass e Produit, deen huet e Stand rechtlech wéi eng Kamell. Dat dierf aus eiser Siicht net sinn.

Tropic breeze, Ruby berry, Polar mint – och d’Goûten, déi d’Marken ubidden, erënneren u Kamellen. Op Tiktok gesäit een, datt de wäisse Snus bei Jonke gutt ukënnt. Och héich doséierte mat 50mg Nikotin.

Bei Heintz Van Landewyck ass een och fir eng Reglementatioun. Souwuel wat den Nikotin-Dosage ugeet, wéi och fir e Mindestalter vun 18 Joer. “Mir schreiwen dat op eis Produiten drop, mir sensibiliséieren do all eis Handelspartner, datt dat en absolutten No-go ass, un ënner 18-Järeger ze verkafen”, betount de Charel Lemmer.

Santé wëll reglementéieren

Bei der Santé schätzt een d’Nikotinsäckelcher als éischter schiedlech an. Et géif eng Reglementatioun kommen, seet déi nei Gesondheetsministesch Martine Deprez op RTL-Nofro. A wéi eng Richtung et geet, ass nach net ganz kloer. Et géife schonn Texter ginn, mee de Ministère wéilt sech och um Ausland inspiréieren. “Also wann ech gesinn, wat an de Länner ronderëm geet, ass et Richtung streng Reglementatioun oder esouguer e Verbuet.”, esou d’CSV-Politikerin.

Back to Top
CIM LOGO