
Integratioun an d‘Krankheet enttabuiséieren, sinn d‘Ziler vum Welt-Epilepsie-Dag. Vill Mënschen, déi ënnert Epilepsie leiden, hu mat Stereotyppen ze kämpfen an traue sech net, iwwert hir Krankheet ze schwätzen. Zesumme mam CHL wëll d‘Associatioun fir Persoune mat Epilepsie d‘Bevëlkerung iwwert dës Krankheet informéieren a sensibiliséieren. Epilepsie kann nämlech vill verschidde Formen unhuelen, ass quasi onheelbar a ka bei jidderengem an all Liewenssituatioun virkommen.
Eng epileptesch Kris ass net ewéi eng aner. Symptomer an d’Repercussioun vun der Attack kënne ganz ënnerschiddlech sinn. Déi meescht dauere puer Sekonne bis puer Minutten.
“An der leschter Zäit op de Kongresser do soe se eigentlech, jiddereen huet seng Epilepsie, dat ka si vun enger grousser Kris, wou d‘Persoun ëmfält an un alle Glidder zuckt an och d‘Zong zuckt da mat. Da gëtt et och Spaut virum Mond, d‘Persoun huet d’Bewosstsi verluer, bis zu klenge Gesten, déi ugesi gi wéi een Tick oder bei Kanner esou dass se bëssi d‘Ae verdréinen, da seet een ‘oh deen ass bëssi an de Wolleken’, mee dat kënnen Absencë sinn oder fokal Krisen, dat manifestéiert sech ganz verschidden”, erkläert d’Maryse Arendt, Komiteesmember vun der Association d‘Aide aux personnes épileptiques.
Dacks sinn et Leit aus dem Ëmfeld, déi mierken, dass een eng epileptesch Kris mécht an net ee selwer. Wann een eng epileptesch Kris bei engem matkritt, soll ee bei der Persoun bleiwen an op se oppassen, bis se rëm zou sech kënnt, Géigestänn, un deenen ee sech kéint blesséieren aus dem Wee raumen an déi betraffe Persoun net festhalen. Eng therapeutesch Behandlung leeft meeschtens iwwer Medikamenter, esou de Neurolog Dr. Stefan Beyenburg:
“Dat heescht, mir hunn eng ganz Panoplie u Medikamenter, iwwer 40 Medikamenter déi ee kann huelen, déi si ganz ënnerschiddlech wat d’effets secondaires uginn an och heiansdo d‘Wierksamkeet. Dat heescht, net all Epilepsie gëtt mat dem nämmlechte Medikament traitéiert. Wann d’Patienten net op d‘Medikament reagéieren, kann ee préiwen, ob déi Epilepsie kann operéieren.”
Eng epileptesch Kris ze hunn, bedeit awer net direkt, dass een Epileptiker ass. Et ënnerscheet een tëschent enger provozéierter an net-provozéierter Kris. Stress, Schlofmangel, Alkohol, Drogen oder Medikamentemëssbrauch kënnen eng epileptesch Kris provozéieren, esou d‘Patty Kohnkow. Si ass Infirmière an der Neurologie a spezialiséiert op Epilepsie.
“Et ass haaptsächlech an der Phas vun der Relaxatioun, wou dann déi Krisen optauchen, dat heescht, et ass net wa mir hyperaktiv sinn, wou dann eppes geschitt, mee et ass dacks an där Phas, wou mir dann emol kënne schlofen oder raschten, wa mir an der Vakanz sinn, wann esou Episode kënnen optrieden.”
Bei enger éischter epileptescher Kris schwätzt een nach net vun Epilepsie, esou nach d’Patty Kohnkow. Réischt wann esou eng Kris op d’mannst zweemol bannent 24 Stonne virkënnt. Zu Lëtzebuerg ginn all Joer 40 Kanner ënnert 10 Joer mat Epilepsie diagnostizéiert, den Trend wier awer zanter Jore stabil, seet den Neurolog Dr. Stefan Beyenburg.