CGDISZu Nidderaanwen sinn zwee Kanner ugestouss ginn

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 7.45 Auer koum et zu Nidderaanwen an der Route de Trèves zu engem Accident.

Hei sinn zwee Kanner vun engem Automobilist ugestouss ginn. D'Ambulanze vu Jonglënster an der Stad waren op der Plaz.

Op der N15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen ass et am Méindeg Nomëtteg géint 15.35 Auer ausserdeem zu engem Accident tëscht zwee Autoe komm. Eng Ambulanz a Secouristen aus Ettelbréck waren op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO