
Am Kader vun enger Enquête hunn d’Beamte vun der Police eng verdächteg Persoun ugetraff. Wéi si de Mann am Kader vun enger Kontroll opgefuerdert hunn, seng Täschen eidel ze maachen, huet dëse sech onkooperativ gewisen a Widderstand geleescht. Hie gouf schliisslech awer duerchsicht an dee geklauten Handy gouf bei him séchergestallt.
Wéi d’Beamten de Mann dunn fir déi wieder Prozedure mat op de Policebüro wollten huelen, huet hie si kierperlech ugegraff. Säi Verhalen huet sech och wärend dem Trajet op de Büro net verbessert.
De Mann gouf schliisslech op Uerder vum Parquet festgeholl. Et gouf e Protokoll wéinst Déifstall a Rebellioun erstallt.