
Um spéiden Donneschdeg den Owend gouf an ee Betrib an der Rue des Trevires um Verluerekascht agebrach. Éischten Informatiounen no huet den Täter d’Entréesdier agetrëppelt. Bannenan hätt den Abriecher Boergeld matgoe gelooss, mellt d’Police. Kuerz nom Abroch hunn d’Beamten d’Sich nom Kriminelle lancéiert, woubäi ee Verdächtege vun der Police konnt gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet goufen dem Mann seng Personalien opgeholl an et gouf ee Protokoll erstallt.
An der Nuecht op e Freideg gouf et ausserdeem nach en Abroch op eng Bensinnsstatioun zu Rëmeleng. Éischten Informatiounen no sollen direkt e puer Täter am Coup gewiescht sinn. Si hätten d’Entrée opgebrach a bannenan e puer Raim duerchwullt. Op der Plaz huet d’Police duerno Spuere geséchert an Ermëttlungen an d’Weeër geleet.
Wie säin Doheem preventiv géint Abriecher schütze wëll,fënnt dozou hei Tipps vun der Police.
En Donneschdeg am Nomëtteg gouf op der Héicht vun der Place de la Gare an der Stad dann nach eng Persoun iwwerfall. Zwee Täter hunn hirem Affer dobäi mat Gewalt eng Goldkette geklaut an hu sech dunn duerch d’Bascht gemaach. Et goufen och hei Ermëttlungen an d’Weeër geleet.An der Rue Gare Usines bei der Gare zu Diddeleng gouf en Donneschdeg am Nomëtteg dann och nach eng Jackett geklaut. Den Täter huet säin Affer ugegraff an huet him dunn d’Kleedungsstéck fortgeholl. D’Affer gouf awer net blesséiert an et goufen Ermëttlungen ageleet.