Aus dem PolicebulletinZu Siren konnten 2 Abriecher festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
Da waren awer och nach verschidden Automobilisten ënnerwee, déi ënnert dem Afloss vun Alkohol oder Droge stoungen.

En Zeien hat der Police gemellt, datt 2 Männer bei sengem Noper geschellt hätten an dono hannert d'Haus gaange wieren wéi keen d'Dier opgemaach huet. D'Beamte ware séier op der Plaz a konnten ee presuméiert Abriecher an der Garagenafaart vum Haus untreffen. Deen anere wollt fortlafen, ass awer dobäi net wäit komm. De Parquet huet béid Männer verhafte gelooss a si koumen e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Dann huet d'Police nach Permisen agezunn, well d'Automobilisten ze vill gedronk haten. Dëst war de Fall zu Wëntger, zu Stroossen an zu Steeën.

Da gouf nach e Permis agezunn, well de Chauffer Droge konsuméiert hat. Opgefall war den Automobilist, well hien um Samschdeg den Owend um 23 Auer ouni Luuchten op der N1 ënnerwee war. Wéi de Chauffer d'Police bemierkt huet, huet hien nach probéiert a Richtung Fluessweiler fortzefueren, wat him net gelongen ass. Bei him goufe Reschter vu Cannabis fonnt an den Drogeschnelltest war positiv ausgefall. De Parquet huet der Permis anzéie gelooss an et gouf Protokoll erstallt. Well säi Gefier staark Mängel hat, gouf den Auto immobiliséiert.

Zu Bouneweg wollt e Chauffer enger Policekontroll entgoen an ass dowéinst fortgefuer, wéi d'Beamte grad niewent dem Auto stoungen. Kuerz drop konnt de Chauffer awer ugehale ginn. Hien hat ze vill gedronk, säi Permis gouf him ofgeholl a hie gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO