Samu op der PlazZu Stengefort gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdegmoien hunn d'Ekippe vum CGDIS zwee Mol mussen ausrécken.
© Jeannot Ries

Géint 9:50 Auer ass zu Stengefort an der Rue de Kleinbettingen eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Nieft den Ambulancieren an de Pompjeeë vu Stengefort war hei och de Stater Samu am Asaz.

Géint 10:30 Auer gouf dann e Motocyclist bei enger Chute zu Iechternach blesséiert. D'Ambulanciere vu Mäertert an d'Pompjeeë vun Iechternach waren hei op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO