Wéi no de Walen ofgemaachZu Tandel gëtt et ee Wiessel am Schäfferot

Marc Hoscheid
De Claude Bingen iwwerhëlt vum Marc Roeder de Poste vum 2. Schäffen.
De Claude Bingen gouf en Donneschdeg vum Inneminister Léon Gloden als Schäffe vereedegt (vu lénks no riets).
© MAINT

De Schäfferot vun der Gemeng Tandel entsprécht elo genee dem Resultat vun de Gemengewalen 2023. Den Drëttgewielte Claude Bingen gouf um Donneschdeg nämlech vum Inneminister Léon Gloden als Schäffe vereedegt. Hien iwwerhëlt dee Poste vum Marc Roeder, dee virun dräi Joer op déi véiert Plaz komm war. No de Wale war ofgemaach ginn, datt fir d'éischt de Marc Roeder 2. Schäffe géing ginn an no der Hallschent vun der Legislaturperiod de Claude Bingen iwwerhuele géing.

De Marc Roeder huet säi Posten den 1. September zur Verfügung gestallt an de Claude Bingen gouf unanime als Successeur gewielt.

Komplettéiert gëtt de Schäfferot vun Tandel vun der Buergermeeschtesch Carole Gils, déi 2023 Éischtgewielte war, an dem 1. Schäffe Frank Schmit, deen op déi zweete Plaz komm war.

D'Majorzgemeng aus dem Norden huet ronn 2.400 Awunner, de Gemengerot besteet aus néng Leit.

Back to Top
CIM LOGO