Ukrain-KrichZu Veianen eng nei Heemecht fonnt

Christophe Hochard
De 24.Februar 2022 huet d’russesch Arméi d’Ukrain militäresch ugegraff. Zanterhier hu vill Mënschen hiert Doheem verlooss.
Zu Veianen eng nei Heemescht fonnt
De 24. Februar 2022 huet d’russesch Arméi d’Ukrain militäresch ugegraff. Zanterhier hu vill Mënschen hiert Doheem verlooss.

Zanter iwwer engem Joer wunnen ukrainesch Familljen hei zu Lëtzebuerg. Enner anerem och zu Veianen. Ënnert hinnen d’Anastasia Andreykiv. Dei jonk Fra vu 16 Joer erzielt, wéi si zesumme mat hiren Elteren a Gesëschter ugangs Mäerz 2022 op Lëtzebuerg koum. Mam Bus goung et wärend enger Nuecht an engem Dag vu Polen op Lëtzebuerg. An der Jugendherberg zu Veianen koum d’Famill zesumme mat aneren ukrainesche Leit ënnerdaach. D’Solidaritéit war grouss an der Éisleker Uertschaft. Vill Kleeder an aner Saache goufe gesammelt.

Mëttlerweil wunnt d’Anastasia mat hirer Famill zu Dikrech an der Cité Militaire. Si geet an de Lycée a ka fléissend Franséisch schwätzen. Hir Famill ass frou an dankbar däerfen a Fridden hei zu Lëtzebuerg ze liewen.

Reegelméisseg gëtt et en Austausch tëscht den ukrainesche Flüchtlingen an der ASBL “Reech eng Hand Veianen”.

60 Ukrainer, dorënner 27 Kanner, hunn an der Jugendherberge zu Veianen Kascht a Logis fonnt.

Back to Top
CIM LOGO