CGDISZu Welschent huet e Chalet gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, huet an der Nuecht op en Donneschdeg géint 1 Auer e Chalet zu Welschent gebrannt. Et blouf beim Materialschued.

D’Pompjeeë vu Buerschent, Ettelbréck a vu Feele waren am Asaz.

Schonn e Mëttwoch am fréien Owend war um Boulevard Charles de Gaule zu Esch e Cyclist ugestouss an dobäi verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO