BartrengZuchaccident mat engem Doudegen

RTL Lëtzebuerg
Zu Bartreng an der Mamer Strooss krut en Donneschdeg de Moie géint 6.30 Auer en Zuch e Passant ze paken.

Wéi de CGDIS mellt, hätt dës Persoun net iwwerlieft. Iwwert déi genee Ëmstänn, wéi et zum Accident komme konnt, ass näischt gewosst.

D’CFL schreiwen, dass d’Zich op der Linn 50 tëscht der Stad, iwwer Klengbetten op Arel, déi wéinst dem Accident gespaart gouf, nees normal fueren. Et kéint awer weiderhin zu punktuelle Retarde kommen.

Back to Top
CIM LOGO