Sans-abri a CoronazäitenZuel vu Leit bei Stëmm vun der Strooss zu Esch huet sech bal verduebelt

RTL Lëtzebuerg
Grad déi Leit, déi schonn um Bord vun der Gesellschaft liewen, si besonnesch schlëmm vun der Corona-Kris betraff.
Sans-abri a Coronazäiten
Well d'Nuechten ufänke kal ze ginn a wéinst dem Couvre-feu gouf d'Nuetsaktioun éischter lancéiert.

Dat mierkt een och bei Stëmm vun der Strooss. Elo sinn et net méi ronn 70 Leit, mä ëm déi 130 Persounen all Dag, déi fir eng waarm Moolzecht bei hinne laanscht kommen. Erstaunt ass d'Alexandra Oxacelay, Directrice vu Stëmm vun der Strooss, awer net:

„D’Zuele ginn am allgemengen ëmmer weider an d'Luucht, well Aarmut ëmmer weider zouhëlt. Firwat läit op der Hand: et ginn ëmmer manner Aarbechtsplaze fir Leit, déi keng Diplomer hunn, fir Leit, déi d'Sproochen net schwätzen oder fir Leit, déi krank sinn, respektiv net méi capabel sinn, 8 Stonnen am Dag ze schaffen. Des Weidere gëtt et net genuch abordabelen a soziale Wunnraum fir Leit, déi net vill Akommes hunn. Mir si keng Insel. Dofir ginn och eis Servicer ëmmer méi beusprocht. Den eenzegen Ënnerscheed dëst Joer ass, dass et lo méi komplizéiert ass, op all d'Besoine vun de Leit anzegoen.

Genee wéi all aner Organisatioun misst och d'Asbl hiren Dagesoflaf upassen, fir de Sécherheetsmesurë gerecht ze ginn. Ee vun de grousse Changementer: zanter Mëtt September loune si elo den Openthaltsraum vum Veräinshaus St-Joseph zu Esch. Hiert Gebai ass nämlech ze kleng, fir déi virgeschriwwe Sécherheetsdistanzen anzehalen.

Fir eise Reportage hu mir puer vun de Betraffene fir een Dag begleet a mat hinnen iwwert hir Erfarunge vun de leschte Méint geschwat.

Schlof-Plaz fir Sans-abrien elo schonn op

Wéinst der Ausgangsspär an der Nuecht goufen d'Schlofméiglechkeeten um Findel jo dëst Joer schonn éischter opgemaach.

Net vu Muttwëll, well och elo schonn d'Nuechten ufänke richteg kal ze ginn. Op dëser Plaz sollen d'Sans-abrien eng sécher Schlofméiglechkeet gebuede kréien an domadder och der Erausfuerderung vum Couvre-feu entgéint wierken. Wéi grouss d'Demande ass a wéi ee sech dëst Joer wéinst dem Coronavirus huet missen upassen, huet eng RTL-Ekipp op der Plaz nogefrot.

Wanteraktioun um Findel
Eng RTL-Ekipp war sech ukucken, wéi sech zu Corona-Zäiten um Findel ugepasst gouf.

Back to Top
CIM LOGO