Déi lescht zwee JoerZuel vun de Berodunge vun der Klima-Agence ass an d'Luucht gaangen

Monique Kater
Carine Lemmer
Spéitstens mam Ukrain-Krich an der Energiekris ass d'Thema Energietransitioun an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm.
Zuel vun de Berodunge vun der Klima-Agence ass an d'Luucht gaangen
Spéitstens mam Ukrain-Krich an der Energiekris ass d’Thema Energietransitioun an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm.

Klimapolitik an an deem Kontext d’Mesuren, déi d’Regierung a Saachen Energiespueren decidéiert huet, kann nëmmen dann eppes bréngen, wann de Bierger iwwer seng Méiglechkeeten informéiert ass. Dofir suergt d’Klima-Agence, déi no 15 Joer, méi wéi jee versicht, de Klimaschutz esou wait ewéi méiglech an d’Praxis ëmzesetzen. Eng 40 Mataarbechter beroden a begleeden esouwuel Privatleit wéi och Entreprisë bei der energeetescher Transitioun. E Mëttwoch gouf de Bilan gezunn.

Mir sinn an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm, freet sech de Chef a mengt domadder, dass net méi just iwwerzeegten Ëmweltschützer sech mat der Problematik Klimawandel beschäftegen, mee och déi, deenen déi héich Energiepräisser wéidinn. D’Klima-Agence ass fir si all do, motivéiert, sensibiliséiert, beréit a begleet hir Clienten an der Praxis. Gratis natierlech.

Déi lescht zwee Joer ass d’Zuel vun de Berodungen, déi d’Klima-Agence mécht, an d’Luucht gaangen. 3.200 Berodunge bei de Leit doheem gouf et zejoert a knapps 9.000 iwwer Telefon. Déi meeschte Froen (50%) hunn d’Leit zur Fotovoltaik an ee Véierel geet ëm d’Hëtzen, virop d’Wäermepompel. D’Klima-Agence informéiert a beréit och allgemeng iwwer Energie-Spueren, iwwer finanziell Hëllefen oder d’Elektromobilitéit. Privatleit, mä och Betriber, staatlech Acteuren a Gemenge sinn ugesprach.

D’Waardezäit, bis dass e Profi vun der Klima-Agence bei een heemkënnt, läit den Ament bei 14 Deeg. Vun do u gëtt de personaliséierte Projet begleet, erkläert d’Sarah Juchems vun der Klima-Agence.

Dëst Joer si 5.000 nei Solaranlagen installéiert ginn. Bal 20% vun den Autoen, déi haut immatrikuléiert ginn, sinn Elektroautoen.

Eng Berodung vun der Klima-Agence ass gratis. E Rendez-vous kritt een aktuell an engem Delai vun zwou Wochen. Eng Berodung op der Plaz dauert meeschtens eng, bis annerhallef Stonn. Informéiere kann ee sech op klima-agence.lu oder um Telefon 8002 11 90.

Wichteg wier och, déi verschidde Schwieregkeete vun de Leit ze verstoen an Ausweeër ze fannen. Alles am Intressi vum Klima, erkläert den Direkter Fenn Faben.

Back to Top
CIM LOGO