Hin an hier tëscht CSV an Henri Kox"Zuelenzalot" am Police-Effectif

RTL Lëtzebuerg
An deene leschte Woche ware mat Bléck op den Effectif vun der Police e puer Zuelen am Ëmlaf. De Minister gëtt Feeler zou, ma attackéiert och d'CSV.
© RTL-Archiv

Duerch d’Rekrutementscampagne vun der Police ass den Effectif an deene leschten dräi Joer alles an allem vun 2.360 op 3.141 geklommen. Trotz Ofgäng duerch Pensioune sinn deemno 180 vereedegt Poliziste méi am Déngscht, 324 méi Stagiairen, déi nach an der Policeschoul sinn, an den ziville Kader ass ëm 280 Mataarbechter a Mataarbechterinnen opgestockt ginn. Déi Zuelen huet de Policeminister Henri Kox en Dënschdeg an der Chamberkommissioun fir bannenzeg Sécherheet virgeluecht.

PDF Schreiwes Déi Gréng (12.7.23)

Back to Top
CIM LOGO