Background am Gespréich (6. Juni)Zukunft Stater Gare: Commerce, Sécherheet an de "Broken-Window-Effekt"

Carine Lemmer
E Samschdeg waren d'Anne Kaiffer, de Maurice Bauer an de Patrick Reisdorff eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Wéi eng Zukunft huet de Stater Garer Quartier?
E Samschdeg waren d'Anne Kaiffer, de Maurice Bauer an de Patrick Reisdorff eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Wéi eng Zukunft huet de Stater Garer Quartier? Déi Fro stoung e Samschdeg am Mëttelpunkt vun eiser Emissioun Background. Invitéen am Sudio waren d'Anne Kaiffer, Geschäftsfra a Stater-DP-Conseillère, déi hire Buttek op der Gare zougemaach huet, de Maurice Bauer, 1. Schäffen an der Stad vun der CSV, deen zoustänneg ass fir de Commerce an d'Stadentwécklung an de Patrick Reisdorff, deen zanter Joerzéngten op der Stater Gare wunnt.

E Samschdeg waren d'Anne Kaiffer, de Maurice Bauer an de Patrick Reisdorff eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D'Anne Kaiffer sot, si hätt hir Metzlerei aus verschiddene Grënn zougemaach. Engersäits hätt si hir Präisser wéinst dem Ukrain-Krich missen an d'Luucht setzen, anerersäits wieren awer och eng Partie aner Geschäfter an der Géigend zougaangen. Ma virop wieren awer d'Sécherheet an d'Propretéit an der Géigend ee Problem gewiescht.

De Patrick Reisdorff huet der Politik eng grouss Matschold un der aktueller Situatioun ginn. Et hätt een et ze laang lafe gelooss, ugefaange mat der Prostitutioun, hi bei den Drogekonsum an d'Sans-abrien. Hien huet de Verglach mat enger futtisser Fënster gemaach, déi een net direkt fléckt, wouduerch da weider Problemer entstinn.
 
Et kéint een driwwer diskutéieren, ob d'Situatioun op der Gare an deene leschte Jore besser oder méi schlecht ginn ass, esou de Maurice Bauer. Hie krit vu ville Leit, déi op der Gare wunnen, éischter de Feedback, datt et lues a lues besser goe géing. Dat géing och d'Zuel vun de Geschäfter weisen, déi an der Lescht an d'Luucht gaange wier.
 
D'Anne Kaiffer hätt hiert Geschäft zu engem Moment opgemaach, wou d'Situatioun besonnesch schwiereg war. Deemools hätt d'Stad sech beim Staat dofir agesat, méi Police op d'Gare ze kréien a selwer eng privat Sécherheetsfirma agestallt. Ma et hätt een awer och um sozialen Niveau Mesuren ergraff, zum Beispill de Service A vos côtés an d'Liewe geruff. De Patrick Reisdorff huet awer entgéint, datt et net kéint sinn, datt sou ee Service iwwerhaapt gebraucht gëtt, fir datt zum Beispill eeler Leit Suen um Bancomat ophiewe kënnen. Och méi Police eleng géing de Problem net léisen, wann d'Justiz dono hir Aarbecht net mécht an d'Affäre weider suivéiert. Et wier zwar gutt, datt d'Justiz onofhängeg ass, mee se wier awer och de Garant vun der Sécherheet. Vläicht géing et och ee Stéck wäit u Personal feelen.
 
D'Anne Kaiffer huet dofir plädéiert, d'Bierger méi anzebannen, fir een zukünftegt Konzept vun der Gare auszeschaffen an dat am beschten an Zesummenaarbecht mat enger professioneller Firma. Et géing een d'Leit scho vill abannen, huet de Maurice Bauer doropshi gemengt, an dat op ganz verschidde Weeër, zum Beispill duerch den Apéri'tour. D'Iddi vun enger professioneller Firma gesäit hien iwwerdeems skeptesch, um Enn wieren d'Politiker gewielt, fir hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen.
 
Den 1. Stater Schäffen huet och dofir plädéiert, déi verschidde Gruppen op der Gare net an een Dëppen ze geheien, mee zum Beispill een Ënnerscheed tëscht Dealer, Drogekonsumenten, déi am Fong krank Leit wieren, an deene Leit, déi einfach op der Strooss liewen an näischt Illegales maachen, ze maachen.
 
Da gouf och iwwert ee gewësse Sozialtourismus geschwat. Et kéimen ëmmer méi Leit aus dem noen Ausland op Lëtzebuerg, well se sech hei méi Hëllef erhoffen. Deels géingen déi Leit awer och mat falsche Verspriechen an de Grand-Duché geschéckt ginn.

De Patrick Reisdorff fënnt, et dierft een net just vun der Stater Gare schwätzen, well et mëttlerweil een nationale Problem wier. Hie kann och net novollzéien, datt den Inneminister Léon Gloden an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer dofir kritiséiert goufen, datt si sech fir een Heescheverbuet agesat hunn. Um Enn hätt dat awer trotzdeem net ganz vill bruecht, well d'Leit elo mat a Geschäfter goe géingen, do dann eppes z’iesse kaaft kriten, just fir dat bëssi méi spéit nees géint Suen ëmtauschen ze goen.
 
D'Corinne Cahen ass net nëmmen DP-Schäffin, mee huet och ee Schunggeschäft op der Gare. An engem Interview, deen am Virfeld vun der Emissioun gefouert gouf, huet si ënnerstrach, datt si weider un d'Gare gleewe géing. Et wier ee Quartier mat enger jonker Populatioun an architektonesch dee schéinste Quartier vun der Stad. Si huet sech dofir ausgeschwat, zesumme mat de Leit aus dem Quartier un der Zukunft ze schaffen. Eng konkret Propos war, d'Monument virun der Spuerkeess ewechzehuelen an déi Plaz anescht ze amenagéieren, zum Beispill mat enger Terrass. Si kéint d'Anne Kaiffer verstoen, wa si seet, datt si mat Bléck op d'Zukunft vun hirem Geschäft net méi un de Garer Quartier gleewe géing.
 
De Patrick Reisdorff huet sengersäits gemengt, datt reng urbanistesch Mesuren net duergoe géingen, fir de Problem ze léisen, well d'Dealeren hir Aktivitéiten dann einfach ëm e puer Honnert Meter verlageren. Mat Bléck op d'Biergerbedeelegung gesäit hien iwwerdeems nach Loft no uewen, dobäi kéime gutt Iddien eraus, wa vill Leit d'Käpp zesummestrecken.
 
D'Anne Kaiffer huet der Corinne Cahen doranner Recht ginn, datt aktuell d'Situatioun fir kleng a mëttelgrouss Betriber generell schwiereg wier. Eng urbanistesch Mesure, déi vläicht rëm méi Liewen op d'Gare brénge kéint, wier vläicht eng Foussgängerzon. Et sollt een zudeem dru schaffen, fir méi traditionell Butteker unzezéien.
 
Mat Bléck op den Trafic huet de Patrick Reisdorff fonnt, datt den Tram vill Erliichterung bruecht hätt, well elo vill manner Busser am Quartier fueren. D'Anne Kaiffer huet kritiséiert, datt et ze vill ee Passage gi wier an et ze mann Plaze géing ginn, fir mam Auto eng kuerz Zäit stoen ze bleiwen.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO