Vun der Ëmweltverwaltung an de MinistèreZukünfteg Ëmweltministesch Joëlle Welfring am RTL-Interview

RTL Lëtzebuerg
Et ass kee politesche Choix, mä d'Madamm Dieschbourg gëtt duerch eng héich Beamtin ersat, nämlech d'Joëlle Welfring.
Zukünfteg Ëmweltministesch Joëlle Welfring am Interview
Zanter e Mëttwoch ass bekannt, wien d’Successioun vum Carole Dieschbourg iwwerhëlt.

Nodeems déi gréng Partei dëst e Mëttwoch de Mëtteg annoncéiert huet, war d’Successeurin e Mëttwoch den Owend live um Plateau am Journal op der Tëlee, wou se ënnert anerem betount huet, datt si sech d’Decisioun net einfach gemaach hätt.

An awer muss ech soen, datt den Defi, fir Saachen no vir ze bréngen, ze hëllefen, mech gereizt huet an ech freeë mech elo dorop.

D’Joëlle Welfring géif scho laang hannert de Wäerter vun de Grénge stoen an och iwwert hire Studium an hir Aarbechtsplazen duerchgezunn hätt. Aktuell ass déi 47 Joer al Joëlle Welfring Direktesch vun der Ëmweltverwaltung. Virdru war si am CRT Henri Tudor aktiv. De Faite, datt se bis ewell keng Erfarung an der Politik hat gesäit si net weider kritesch:

Mäin Zil ass et, mech elo wierklech an déi Dossieren do eranzeschaffen a meng Energie voll dran ze sëtzen, fir déi no vir ze bréngen. Ech kennen de politesche Kontext vläicht manner, mee setze meng Energie do drop.

Kommunikatioun wier an hiren Aen eppes ganz Wichteges, an dat si vill Zäit wéilt investéieren. Et misst een erklären, wisou een eppes mécht, fir och Acceptanz dobaussen ze fannen, huet d’Joëlle Welfring nach ënnerstrach.

RTL-Artikel: Successioun Carole Dieschbourg: Déi héich Beamtin Joëlle Welfring gëtt Ëmweltministesch

Back to Top
CIM LOGO