Et ass ewell dee 6. Remaniement vun der Regierungsekipp zanter de Walen.
Et ass kee politesche Choix, mä d’Madamm Dieschbourg gëtt duerch eng héich Beamtin ersat, nämlech d’Joëlle Welfring. Aktuell ass déi 47 Joer al Joëlle Welfring Direktesch vun der Ëmweltverwaltung. Virdru war si am CRT Henri Tudor aktiv. Déi nei Ministesch, gebierteg Escherin a Mamm vun 2 Kanner, huet Biochimie an Ëmweltwëssenschafte studéiert.
Déi gréng Partei geet deemno op e séchere politesche Wee an huet sech eng technokratesch Léisung gesicht, déi net e weidere Politiker virun de Walen an d’Vitrinn stellt.

Et war jo spekuléiert ginn, datt ënner anerem d’gréng Norddeputéiert Stéphanie Empain géif an d’Regierung noréckelen - eng aner Pist wier d’Nominatioun vun der EU-Deputéiert Tilly Metz gewiescht.
Näischt dovunner war schlussendlech wouer: Déi Gréng huele mat der Joëlle Welfring also eng experimentéiert héich Beamtin an d’Regierung, déi hir Dossiere kennt.
E Mëttwoch eréischt huet d’Joëlle Welfring hir Parteikaart bei deene Grénge geholl. Si ass och gewëllt, d’nächst Joer am Süde mat an d’Walen ze goen.
En ausseruerdentleche Parteikongress vun déi Gréng wäert d’Nominatioun vun der Partei-Exekutiv den nächste Samschdeg ofseenen.
D’Assermentatioun duerch de Grand-Duc ass dann ewell fir den nächste Méindeg geplangt, sou datt et kee Vide um Poste vum Ëmwelt- a Klimaministère gëtt.