
Vill Leit verbannen den Dezember wuel mat enger méi besënnlecher Stëmmung. An den 100 Gemenge vum Land ass dat awer liicht anescht, ëmmerhi ginn Enn des Joers d’Budgete presentéiert an dat ass mat vill Aarbecht a Stress verbonnen. Nach méi zum Stress bäidroen dierft d’Tatsaach, datt de Vott vum Budget deen eenzege Moment vum Joer ass, wou ee Schäfferot gestierzt ka ginn. Dat ass de Fall, wann eng Majoritéit vun de Conseillere géint de Budget stëmmt a parallel dozou op d’mannst een Drëttel vun de Conseilleren eng sougenannt Motion de censure areecht. De Laurent Knauf, Premier conseiller de gouvernement am Inneministère, erkläert wéi et da weidergeet.
“Iwwert déi Motion de censure gëtt dann ofgestëmmt fréistens 5 Deeg nom Depot a spéitstens 20 Deeg nom Depot. A wann déi Motion de censure vun der Majoritéit vun de Conseilleren ugeholl gëtt, dann ass de Schäfferot als Ganzt, dat heescht de Buergermeeschter an d’Schäffen alleguerten, demissionär d’office an da mussen déi Memberen ersat ginn. De Gemengerot hëlt dann eng Decisioun, fir eng Propos ze maachen, fir en neie Buergermeeschter an déi nei Schäffen dem Minister ze proposéieren.”
Ma ee Projet de loi, deen nach ënnert der viregter Inneministesch Taina Bofferding Mëtt 2023 agereecht gouf, gesäit vir, datt d’Motion de censure net méi un de Budget gekoppelt bleiwe soll. An Zukunft soll et méiglech sinn, datt d’Conseilleren dem Schäfferot zu all Ament d’Vertrauen entzéie kënnen. Domadder soll verhënnert ginn, datt ee Schäfferot, dee schonn Ufank dës Joers keng Majoritéit méi hannert sech huet, nach bal 12 Méint op sengem Poste bleift an d’Gemeng esou blockéiert ass. Esou Fäll gouf et an der Vergaangenheet schonn. An et ass och nach eng weider Ännerung geplangt.
“Et ass och virgesinn an deem Projet de loi 8218, datt d’Motion de censure géint ee Member vum Schäfferot kann dirigéiert ginn an net nëmmen, wéi haut, géint de Schäfferot als Ganzt. An dat ass eng Inspiratioun, déi aus dem belsche Regime kënnt.”

Fréier ass et alt scho mol virkomm, datt de Buergermeeschter an ee Schäffen d’Membere vun der Majoritéit opgefuerdert hunn, eng Motion de censure anzereechen, well se een anere Schäffe lass wollte ginn. Et huet méi wéi zwee Joer gedauert, bis de Staatsrot säin Avis iwwert de Gesetzesprojet virgeluecht huet. Mëttlerweil huet sech och de Gemengesyndikat Syvicol mam Text beschäftegt. An do mécht ee sech nawell eng Partie Suergen.
“Datt verschidden Ännerungen, notamment déi, datt een eng Motion de censure géint ee Member vum Schäfferot ka maachen, kann dozou bäidroen, datt et eng Multiplikatioun vu Motions de censure ka ginn. An datt dat eng gewëssen Instabilitéit um Niveau vun den Organer vun der Gemeng ka mat sech bréngen.
Beim Syvicol fuerdert een dowéinst, datt eng Motion de censure, sollt et zu geplangten Ännerunge kommen, motivéiert misst ginn.
Dono gefrot, ob hien déi Bedenken novollzéie kann, wëllt de Laurent Knauf net direkt äntweren. Hie verweist léiwer dorobber, datt et zanter 2018 sechs Motions de censure gouf. Hie géing hoffen, datt déi Zuele fir sech schwätzen, och wann hien natierlech net wéisst, wéi eng Auswierkunge geplangten Ännerungen um Gesetz géingen hunn.
Aktuell gëtt am Inneministère un den Amendementer vum Gesetzestext geschafft. Dono gëtt en dann dem Inneminister Léon Gloden virgeluecht. Wéi deen zum Text vu senger Amtsvirgängerin steet, ass bis elo net gewosst.