
An der Steeseler Strooss um Briddel hat et géint 13.10 Auer gerabbelt. Een Auto war am Coup an et goufen zwou Persoune verwonnt. Ee Samu aus der Stad an eng Ambulanz vu Lëntgen waren op der Plaz.
Ronn eng hallef Stonn méi spéit gouf et e weidert Accident mat engem Gefier op der N13 bei Welfreng. Och hei ass ee Blesséierten ze notéieren.
Géint 11.30 Auer e Sonndeg de Moien hat et dann nach zu Jonglënster gebrannt. An der Rue Nicolas Thewes hat eng Schminni gedämpt. Hei blouf et beim Materialschued.