
Eleng e Samschdeg an an der Nuecht op e Sonndeg goufe sechs Chauffere gestoppt, déi ze déif an d’Glas gekuckt haten. Ma och um Sonndeg war d’Police dowéinst am Asaz.
Zwee Autofuerer konnten deemno ermëttelt ginn, déi ze vill Alkohol consomméiert haten. Dëst war zu Bollenduerf-Bréck an nach emol zu Esch. A béide Fäll gouf de Permis agezunn.