
D’Police konnt am Kader vun zwee arméierten Iwwerfäll op Bijouterien de presuméierten Täter identifizéieren a festhuelen.
De 65 Joer ale Verdächtegen hat sech no senger Flucht den 20. Januar schliisslech zu Hamburg selwer der Police gestallt. Hie gouf den 22. Februar am Kader vun engem Europäeschen Haftbefeel un déi Lëtzebuergesch Autoritéiten ausgeliwwert.
Hie gouf zu Lëtzebuerg dem Untersuchungsriichter virgefouert, deen de Mann an Untersuchungshaft geschéckt huet. D’Ermëttlunge ginn der Police no weider. Den Zeienopruff am Kader vun den Iwwerfäll gouf iwwerdeems gestrach.