Am Laf vun e MëttwochVéier Blesséierter no Accidenter zu Zolwer an op zwou Autobunnen

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun e Mëttwoch koum et op enger Rei Plazen am Land zu Accidenter mat Blesséierten.

Op der Tréierer an op der Diddelenger Autobunn hat et e Mëttwoch de Moien am Beruffstrafic gerabbelt. Zwou Persoune sinn dobäi blesséiert ginn.

Géint 6:20 Auer ass et am Grenzberäich vun der Diddelenger Autobunn A3 a Richtung Lëtzebuerg zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto komm. Nieft dem Samu waren d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng an d'Ambulanz vu Beetebuerg op der Plaz. Eng Persoun ass blesséiert an d'Spidol gefouert ginn. Am Beruffstrafic hat et wäit a Frankräich zréckgestaut.

Kuerz viru 7 Auer war et an der Jonctioun Gréngewald vun der Tréierer Autobunn A1 zu engem Accident komm, wéi en Automobilist a Richtung Kierchbierg erausfuere wollt. D'Pompjeeë vu Jonglënster an Nidderaanwen-Schëtter waren op der Plaz, grad esou wéi eng Ambulanz aus der Stad, fir nom blesséierte Chauffer ze kucken. Och hei hat et vill gestaut.

Kuerz no 10:30 Auer hat donieft zu Miedernach an der Dikrecher Strooss en Trafo Feier gefaangen. D'Pompjeeën aus der Fiels an aus dem Ärenzdall hu sech drëms gekëmmert.

Kuerz virun 14 Auer koum et dann och nach zu engem Accident an der Rue Aessen zu Zolwer. Zwou Persoune goufen hei liicht blesséiert.

Béid Chauffer vun den accidentéierte Gefierer si fir eng Kontroll an d'Spidol komm. Déi genee Ursaach vum Accident ass nach net bekannt. Op der Plaz waren eng Rei Police-Patrullen, de CGDIS, de Samu an d'Agents municipaux vun der Gemeng Suessem. Den Accident ass der Police um 13.50 Auer gemellt ginn. D'Strooss war fir eng kuerz Zäit gespaart, ass entretemps awer nees op.

Back to Top
CIM LOGO