
Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Nordstad waren op der Plaz.
Kuerz no 8 Auer waren dann zwee Autoen an der Rue du 1er Mai zu Esch aneneegerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Esch waren am Asaz.
E weideren Asaz fir d’Escher Pompjeeë gouf et da géint 10.15 Auer, wéi tëscht dem Rond-point Raemerich an der Jonctioun Lankelz op der A4 en Auto gebrannt huet. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.
Géint 11.34 Auer waren d’Rettungsdéngschter vu Jonglënster an der Fiels wéinst engem Accident um CR119 tëschent Amber an Allënster op der Plaz. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Um 16.30 Auer gouf e Kand zu Hamm an der Rue Haute vun engem Auto ugestouss a blesséiert.